
Et géif een déi aktuell Tabell wäerten, domat géif d’Fola Champions-League-Qualifikatioun spillen. Nidderkuer, Déifferdeng an Titus Péiteng wieren an der Europa-League-Qualifikatioun.
Et gëtt allerdéngs kee Championstitel ausgedeelt.
No enger Iwwergangssaison 2020/2021 mat 16 Ekippen an der ieweschter Spillklass falen der 4 direkt eraus. De 5. Leschte spillt de Barrage géint den 3. aus der Éierepromotioun. Domat sinn d’Joer drop nees just 14 Ekippen an der BGL Ligue.
An der 1. Divisioun gëtt an 2 Bezierker mat allkéiers 15 Ekippe gespillt. An der 2. Divisioun ginn et 2 Bezierker mat 14 Ekippen an an der 3. Divisioun gëtt et just 1 Bezierk mat awer 16 Ekippen.
De President vun der FLF, Paul Philipp, ass relativ optimistesch, dass dës Proposë vun der UEFA ugeholl ginn.
Am Fong geholl ass et net an eiser Hand, et ass aus gesondheetleche Grënn. Vun do hier, wann et 1 zu 1 mam gesonde Mënscheverstand ëmgesat gëtt, wat ee Reglement vun der Regierung ass, dass sech och d’UEFA dorunner wäert halen.