Bouschéissen450 Athleten aus 37 Länner sinn de Weekend iwwer zu Stroossen am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Fir déi 10. Editioun vum GT Open Indoor World Series, kann de Veräi Guillaume Tell houfreg sinn op e Rekord bei der Unzuel vu Participanten.
Bouschéissen: 450 Athleten aus 37 Länner sinn zu Stroossen am Asaz
Fir déi 10. Editioun vum GT Open Indoor World Series, kann de Veräi Guillaume Tell houfreg sinn op e Rekord bei der Unzuel vu Participanten.

450 Athleten aus 37 Länner sinn de Weekend iwwer zu Stroossen am Asaz. Ënnert hinnen eng ganz Rei vu Weltklass- Bouschéissser, dat souwuel an der olympescher Disziplin dem Recurve, wéi och am Compound.

Aus Lëtzebuerger Siicht gesäit et am Compound gutt aus. D’Mariya Klein Shkolna huet e Freideg nieft dem Ella Gibson, der Nummer 1 an der Weltranglëscht geschoss, an d’Englännerin hat jo 2019 en neie Weltrekord zu Stroossen opgestallt.

D’Mariya Klein Shkolna, mat ukrainesche Wuerzelen, ass amgaange fläisseg lëtzebuergesch ze léieren an huet an der Qualifikatioun mat engem Total vu 591 Punkten en neien nationale Rekord opgestallt.

Obschonn de Gilles Seywert et net einfach huet, fir Kompetitiounssport a Beruff op een Nenner ze bréngen, huet hien et fäerdeg bruecht, säin nationale Rekord z’egaléieren.

Am Allgemenge gesäit et am Compound gutt aus. Den Duo Seywert/Klein gehéiert am Dubbel Mixte international zu deene Beschten. An den Nowuess, deen ënnert de Fittiche vum Nationaltrainer, an dem Mariya steet, koum vun der Studenteweltmeeschterschaft mat 3 Medailen heem.

Wéineger gutt gesäit et am Recurve aus. De Pit Klein, Olympia-Participant zu Paräis, huet seng berufflech Karriär am Viséier, an de den Jeff Henkels gënnt sech eng Paus. Leider ginn et fir den 3-fachen Olympionik keng Medaile fir d’Organisatioun.

Back to Top
CIM LOGO