
Et ass bis ewell einfach d’Saison vun de Patriots. Och an der Nuecht op en Dënschdeg konnte si sech géint d’Giants duerchsetzen a feieren domadder schonn déi 11. Victoire aus 13 Matcher. Si gehéieren zu den Ekippen, déi bis ewell nach kee Weekend fräi haten. An der Partie virun den eegene Fans hunn d’Patriots d’Giants net wierklech an de Match komme gelooss. 17:0 nom éischte Véierel an 30:7 an der Paus. Nom Téi hu se dunn e bësse Tempo erausgeholl a selwer nach just 3 Punkte gemaach. Dat ass awer géint déi 8 vun den Giants duergaangen, fir d’Partie ouni ze vill Stress mat 33:15 ze gewannen.
Hinnen am Genéck sinn d’Broncos, déi 10 Matcher gewanne konnten an da just zwee verluer hunn. Hir Partie géint d’Commanders war awer eng ganz enk Këscht. Hei goung et nämlech hin an hier a keng Ekipp konnt sech wierklech en Avantage erausspillen. Beim Stand vun 20:20 um Schluss vum leschte Véierel goung et an d’Overtime. D’Broncos hu mat hirem éischte Ballbesëtz en Touchdown mat Extra Punkt hikritt a sech esou 27:20 ofgesat. Der neier Reegel no kritt jo all Ekipp op d’mannst eng Kéier de Ball an der Verlängerung an esou waren d’Commanders ënner Drock. Ma och hinnen ass en Touchdown gelongen a si wollten dono de Sack zoumaachen. Amplaz fir ee Punkt ze kicken, hu si sech entscheet, eng Two-Point Conversion ze probéieren. D’Pass vum Mariota an d’Endzon konnt awer vun der Defence geblockt ginn an esou konnten d’Broncos eng 27:26-Victoire feieren.
De Bléck op d’Playoff-Picture weist dann, datt an der AFC d’Patriots (11 Victoiren an zwou Néierlagen) d’Nues vir hunn. Ma direkt hannert hinne sinn d’Broncos mat 10:2. D’Jaguars sinn déi drëtt mat 8:4, virun de Ravens mat 6:6. Dës sinn dann och déi véier Ekippen, an an hiren Divisiounen déi éischt sinn an domadder automatesch fir d’Playoffs qualifizéiert sinn. Dohannert kommen dann d’Chargers, déi mat 8:4 hannert de Broncos an der AFC West stinn. De selwechte Score hunn och d’Colts hannert den Jaguars an d’Bills hannert de Patriots. Nach gutt Chancen op d’Playoffs hunn d’Texans (7:5 hannert den Jaguars a Colts), d’Steelers (6:6 hannert de Ravens) an d’Chiefs (6:6 hannert de Patriots an Chargers). D’Raiders an d’Titans sinn eliminéiert.
An der NFC sinn d’Bears an d’Rams, béid 9:3, op de Plazen 1 an 2, dat virun den Eagles (8:4) an de Buccaneers (7:5). D’Seahawks (9:3 hannert de Rams), esou wéi d’Packers (8:3:1 hannert de Bears) an d'49ers (9:4 hannert den Eagles a Seahawks) wieren aktuell och qualifizéiert. A Lauerstellung sinn awer d’Lions (7:5 an der Divisioun vun de Bears), d’Cowboys (6:5:1 an der Divisioun vun den Eagles) esou wéi d’Panthers (7:6 hannert de Buccaneers). Hei sinn d’Saints, d’Cardinals an d’Giants schonn eliminéiert.
Green Bay Packers - Detroit Lions 31:24
Kansas City Chiefs - Dallas Cowboys 28:31
Cincinnati Bengals - Baltimore Ravens 32:14
Chicago Bears - Philadelphia Eagles 24:15
Los Angeles Rams - Carolina Panthers 28:31
San Francisco 49ers - Cleveland Browns 26:8
Houston Texans - Indianapolis Colts 20:16
New Orleans Saints - Miami Dolphins 17:21
Atlanta Falcons - New York Jets 24:27
Arizona Cardinals - Tampa Bay Buccaneers 17:20
Jacksonville Jaguars - Tennessee Titans 25:3
Minessota Vikings - Seattle Seahawks 0:26
Las Vegas Raiders - Los Angeles Chargers 14:31
Buffalo Bills - Pittsbourgh Steelers 26:7
Denver Broncos - Washington Commanders 27:26
New York Giants - New England Patriots 15:33