Indoor-Liichtathletik-EM5. Plaz fir de Charel Grethen an der Finall iwwer 3.000 Meter

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war bei der Indoor-Liichtathletik-EM d'Finall vun der 3.000 Meter, wou och de Lëtzebuerger Charel Grethen um Start war.
De Charel Grethen gëtt op der Indoor-Liichtathletik-EM iwwer 3.000 Meter de 5.
De Lëtzebuerger bleift an der Finall 2 Sekonnen a 65 Honnertstel iwwert sengem eegenen nationale Rekord bliwwen.

Um Enn koum de Charel Grethen no enger weiderer gudder Leeschtung op déi 5. Plaz. D’Victoire war fir den Norweger Jakob Ingebrigtsen virum Spuenier Adel Mechaal an dem Elzan Bibic. Mat senger Zäit vu 7 Minutten, 46 Sekonnen a 65 Honnertstel hat de Lëtzebuerger e Retard vu 6 Sekonnen an 33 Honnertstel op de Gewënner.

Um Mikro vum Bern Thill beschreift de Charel Gethen de Verlaf vun der Course.

Reaktioun Charel Grethen
De Charel Grethen reagéiert um Mikro vum Bern Thill op seng 5. Plaz an der Finall iwwer 3.000 Meter.

Back to Top
CIM LOGO