12.839 Deeg nom Boris BeckerAlexander Zverev offiziell nei Nummer 1 an der Tennis-Weltranglëscht

Tom Nols
35 Joer nom Boris Becker huet Däitschland mam Alexander Zverev erëm en Tennisspiller, deen un der Spëtzt vun der Weltranglëscht steet.
Den Alexander Zverev ass déi nei Nummer 1 an der Tenniswelt.
Den Alexander Zverev ass déi nei Nummer 1 an der Tenniswelt.
© HELMUT FOHRINGER/AFP

E Méindeg huet d'ATP déi nei Tennisweltranglëscht presentéiert. Nei Nummer 1 ass den Alexander Zverev. 12.839 Deeg nom Boris Becker ass hien deen nächsten Däitschen un der Spëtzt vum Hären-Tennis. Den 8. September 1991 war no 12 Wochen dem Becker säi leschten Dag op der 1. Plaz gewiescht.

Den Zeverev steet bei 9.550 Punkten, 100 méi wéi de Jannik Sinner, deen zanter senger Victoire zu Wimbledon am Juli wéinst Verletzung net méi gespillt huet. Mat groussem Réckstand op Plaz 3 kënnt de Carlos Alcaraz mat 6.100 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO