
E Mëttwoch huet d’FLF matgedeelt, datt fir dëse Match 500 Ticketen an der Vente sinn, dat no Récksprooch mat der Santé. Den Entréespräis ass 10 Euro an Tickete kann ee bei der FLF zu Monnerech kafen oder den Dag selwer am Stadion op der Grenz.
Wärend dem Match gëllt Maskeflicht an et muss ee sëtzen. D’Buvette bleift zou.
Dir kënnt de Match awer och am Livestream op RTL.lu suivéieren.