Triathlon6 Lëtzebuerger bei der EM am Supersprint um Depart

RTL Lëtzebuerg
3 Triathleten an 3 Triathletinnen aus dem Grand-Duché si vum 26. - 29. Mee bei der Triathlon-EM am Supersprint zu Olsztyn a Polen um Start.

D’Eva Daniëls an de Lucas Cambésy triede bei den U23 un, d’Mara Krombach, den David Lang, d’Gwen Nothum an den Aurélien Carré bei den Junioren/innen. Encadréiert gëtt d’Ekipp vum Nationaltrainer Cyrille Epple.

De logisteschen Opwand ass grouss. D’Zesummebaue vun den Eenzelstécker am Korridor vum Hotel verlaangt Zäit an technesch Kenntnisser. En Donneschdeg stoung weiderhin d’Familliarisatioun um Vëlosparcours, am Séi, e Briefing, e Footing an d’Receptioun vun den Dossarden um Programm.

E Freideg geet et da lass mat den Halleffinallen. Dat éischt Zil ass dann d’Erreeche vun der Finall.

Back to Top
CIM LOGO