Diamond League Birmingham7. Plaz fir de Charel Grethen

RTL Lëtzebuerg
An der Liichtathletik war e Samschdeg zu Birmingham déi 2. Manche vun der Diamond League.
© AFP (Archiv)

De Charel Grethen war beim Diamond-League-Meeting iwwer 1500 Meter um Depart an ass um Enn mat enger Zäit vun 3 Minutten a 37 Sekonnen dee 7. ginn. Hien ass domadder iwwer 4 Sekonnen iwwert sengem nationale Rekord bliwwen.

Gewonne gouf d’Course zu Birmingham vum Kenianer Abel Kipsang. Fir hien ass de Chrono no 3 Minutten, 35 Sekonnen a 15 Honnertstel stoe bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO