Trotz PandemieA 6 Woche sollen zu Peking Olympesch Wanterspiller sinn

RTL Lëtzebuerg
D’Corona-Pandemie an déi nei Variant Omikron suerge fir enormen Drock an Erausfuerderungen. Et gëtt awer weider um Plang festgehalen.

D’Organisateure rechne mat Fäll wärend de Spiller. De Kampf géint de Virus an d’Null-Covid-Strategie misste weider goen.

All d’Sportler mussen all Dag getest ginn, auslännesch Spectateure sinn net erlaabt, ob iwwerhaapt Public zougelooss ass, misst een nach kucken.

China huet no laanger Zäit mol nees eng Millioune-Metropol an de Lockdown gesat. 13 Milliounen Awunner si betraff, déi hir Wunneng net dierfe verloossen. Ee Familljemember däerf all zweeten Dag akafe goen.

63 Fäll goufe bis ewell an där Géigend gemellt.

Back to Top
CIM LOGO