FuttballA Brasilien suergen DJe fir d'Atmosphär am Stadion

RTL Lëtzebuerg
Well duerch de Covid-19 keng Leit an de Stadion dierfen, hunn zwee brasilianesch Profiveräiner en DJ engagéiert, dee fir Stëmmung suerge soll.
© AFP

Fans jubele bei engem Gol, feieren hir Ekipp un oder applaudéieren no enger gudder Golkippsaktioun. Aktuell ass dëst bal iwwerall op der Welt net méiglech.

Fir awer Stëmmung am Stadion ze hunn, hu Fluminense a Palmeiras aus der héchster brasilianescher Futtball-Liga all Kéiers en DJ engagéiert, deen ebe genau déi Emotiounen a Reaktioune soll aus der Bécks an de Stadion bréngen.

A béide Fäll sinn DJe Fans vum Veräin, wat hir Aarbecht däitlech vereinfacht, wéi de Franklim Schleger, Fan vu Fluminense, confirméiert. Well hien dacks am Stadion war, weess hie wéi sech d’Leit op den Tribüne bei de jeeweilege Situatioune verhalen.

© AFP

De Marcos Costi huet ronn 15 verschidde Geräischkulissen, ouni d’Päif vum Arbitter, vu Matcher vu Palmeiras enregistréiert, déi hien notzt. “Et ass zwar meng Visioun vun der Geräischkuliss, ma ech mengen awer, datt ech ganz no un d’Realitéit kommen” esou den DJ. “Et ass, wéi wa mir mat der Stëmm vun dausende Leit géife schwätzen” huet de Schleger am AFP-Interview ergänzt.

Fir béid ass et e Privileeg, quasi als eenzege Fan dierfen am Stadion an esou live bei de Matcher dobäi ze sinn. Gläichzäiteg ass awer och e Stadion ouni Fans eppes ganz Traureges, esou d’DJen.

Back to Top
CIM LOGO