Esteban Ocon definitiv "out"Rafael Câmara fiert a Brasilien fir Haas

Tom Nols
Den Esteban Ocon ass säi Cockpit bei Haas lass a gëtt fir déi nächst Course vum Rafael Câmara ersat, deen eigentlech réischt d'nächst Joer säin Debut sollt feieren.
De Rafael Câmara Ufank September virun der F2-Course zu Monza an Italien.
De Rafael Câmara Ufank September virun der F2-Course zu Monza an Italien.
© ERIC ALONSO/DPPI via AFP

Wéi d'Ecurie Haas en Dënschdeg den Owend matdeelt, bleift den Esteban Ocon bis Enn der Saison suspendéiert a wäert net méi fir si fueren. No internen Differenze war de Fransous leschte Weekend a Mexiko vum Japaner Ryo Hirakawa ersat ginn.

Bei der nächster Course, dëse Weekend zu Sao Paulo, kënnt de Brasilianer Rafael Câmara doduerch zu sengem fréizäitege Formel-1-Debut. Den aktuelle Leader am Formel-2-Championnat sollt den Ocon souwisou vun nächster Saison u bei Haas ersetzen.

Ob de Câmara och no Brasilien am Haas-Cockpit wäert sëtzen, ass ongewëss. De Brasilianer wäert op de leschten zwee geplangten F1-Weekender Formel 2 fueren. Sou kéint et sinn, dass dem Ryo Hirakawa nach zwou weider Coursse bei Haas vergonnt sinn.

Back to Top
CIM LOGO