BBC ArantiaDen Trainer bleift, 2 Amerikaner ginn, 1 Amerikaner kënnt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'BBC Arantia um Mëttwoch de Moie matdeelt, bleift den Trainer Brian Carroll och fir d'Saison 2019/2020.
© RTL-Archiv

De Lamar Mallory verlängert säi Kontrakt dann och beim Veräin aus der Fiels.

Als zweeten Amerikaner gouf den Deven Simms engagéiert. De 24 Joer jonke Guard huet op der Arkansas State gespillt.

Deven Simms
Deven Simms

De Rui Nunes verléisst de Veräin, nodeems hie seng Basketschong un den Nol gehaangen huet.

Och déi 2 Amerikaner Daeshon Francis an Desmond Williams sinn déi nächst Saison net méi fir d’BBC Arantia am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO