Fir d'Lëtzebuerger Äishockey-Nationalekipp hätt den Optaktmatch vun der Pre-Olympia-Qualifikatioun net besser kéinte lafen.

Nach bis e Sonndeg gëtt op der Kockelscheier am Äishockey d'Prequalifikatioun fir d'Olympesch Spiller gespillt. D'Lëtzebuerger Nationalekipp ass e Freideg den Owend mat enger klorer Victoire an den Tournoi gestart.

D'Ekipp vum Trainer Petr Fical huet sech mat 10:1 géint Bosnien-Herzegowina duerchgesat. Nom éischten Drëttel stoung et scho 4:0 fir d'Ekipp aus dem Grand-Duché. An den zweeten 20 Minutte hunn d'Lëtzebuerger de Score op 9:0 erhéicht, fir de Match um Enn mat 10:1 ze gewannen.

An der éischter Partie vum Dag gouf et eng 9:4-Victoire fir Kirgistan géint d'Vereenten Arabesch Emirater.

Fir eng Ronn weider ze kommen, mussen d'Lëtzebuerger d'Pre-Qualifikatioun als Gruppenéischte ofschléissen. D'Ekipp ronderëm de Kapitän Colm Cannon ass als Favorit gestart.

D'Opstellung vun der Lëtzebuerger Äishockey-Nationalekipp

Marcus Anselm (Chalmers Hockey/S), Sven Cruchten (Beaufort), Philippe Lepage (Tornado) im Tor, Sacha Backes (Tornado), Philippe Bechtold (Akademischer Eishockey-Club Zürich/CH), Markus Beran (Huskies), Thierry Beran (Tornado), Gilles Biver (Tornado), Olivier Biver (Tornado), Colm Cannon (Tornado), Michael Cannon (Tornado), David Church (Huskies), Marcus Eriksson (Tornado), Cedric Farinon (Beaufort), Sebastian Grein (Kovlands IF/S), Kevin Grönlund (Tornado), Ben Houdremont (Beaufort), Tony Jakubse (Tornado), Demir Mededovic (Beaufort), Mirko Mosr (Beaufort), Claude Mossong (Beaufort), Nicolas Mossong (Beaufort), Brian Schleimer (Beaufort), Vladislav Shelest (Tornado), Pit Sinner (Tornado), Xavier Thill (Beaufort), Benny Welter (Beaufort) Trainer: Petr Fical