Am nationale Basket gouf e Samschdeg um ausseruerdentleche Kongress keng Léisung fir déi nei Saison bei den Häre fonnt.

Basket/Reportage Jeff Kettenmeyer

Keng vun den 3 Optioune krut am Vott déi néideg Majoritéit.

Bei der Propose, fir mat 10 Ekippen ze spillen, ware just 49,36% dofir.

Fir mat 14 Ekippen an der Total League ze spillen, gouf et eng Zoustëmmung vun 49,79%, wat deemno och ganz knapp net duergaangen ass.

Deemno muss elo op engem weideren ausseruerdentleche Kongress de 27. Juni eng Léisung fonnt ginn.

Den FLBB-President Henri Pleimling sot e Samschdeg, datt hien awer hofft, datt ee sou séier wei méiglech zesumme mat de Clibb ee Konsens fënnt, fir Kloerheet ze hunn.

Donieft gouf eng Propose vum T71 an der Sparta, fir déi sougenannten "Non JIC Spiller" op maximal zwee um Terrain ze limitéieren, net ugeholl.

© Jeff Kettenmeyer