Wann e Kapitän vun enger Nationalekipp bei der Futtballweltmeeschterschaft am Katar d‘Kapitänsbändchen “One Love” undeet, da gëtt et déi giel Kaart.

D'Topnatiounen, dorënner Däitschland, England, Frankräich oder och nach d'Belsch hunn matgedeelt, datt si elo op dat Aarmbändche verzichten. D'"One Love Kampagne" ass vun de groussen europäesche Futtball-Natiounen ausgaangen. Et gesäit een en Häerz mat verschiddene Faarwen dran.