Ënnert anerem en Harry Kane, Leon Goretzka an Jamal Musiala an Héichform hunn de Mainzer keng Chance gelooss.

E Samschdeg de Mëtteg stoungen an der däitscher Bundesliga véier Matcher vum 25. Spilldag um Programm.

D'Bayern hu sech de Frust aus de leschte Wochen vun der Séil geschoss an den 1. FSV Mainz 05 mat 8:1 deklasséiert. Schonn an den éischte Minutte vum Match krute sech d'Gäscht vu Mainz sou gutt wéi guer net vun der Münchener Intensitéit befreit. Sou waren et den Harry Kane an de Leon Goretzka, déi den däitsche Rekordmeeschter schonn no 19 Minutte mat 2:0 a Féierung bruecht hunn. Duerno krute sech d'Mainzer, déi ouni de Leandro Barreiro op Grond vun enger Giel-Spär ugereest sinn, liicht stabiliséiert. Duerch en direkte Fräistouss vum Nadiem Amiri ass et da souguer gelongen, op 1:2 ze verkierzen. Bayern war allerdéngs weiderhin déi spillbestëmmend Ekipp a konnt mat der leschter Aktioun virun der Paus de Virsprong vun zwee Goler nees hierstellen. Nom Säitewiessel war d'Maschinerie vun de Bayern da sou richteg an d'Rulle komm a konnt vu Mainz net méi gestoppt ginn. Zwee weider Goler vum Harry Kane a weider Goler vum Müller, Musiala, Gnabry a Goretzka hunn um Enn fir e méi wéi kloren 8:1-Endstand gesuergt.

Gladbach a Köln deele sech no engem spektakulären 3:3 am Rheinderby d'Punkten. D'Gäscht aus Köln ware schonn no siwe Minutten duerch e Gol vum Faride Alidou a Féierung gaangen. An engem ausgeglachene Spillverlaf konnten d'Haushären dann no enger gudder hallwer Stonn ausgläichen. Fir déi zweet Hallschent war also weiderhi fir Spannung gesuergt an hei sollt et och nach ee Mol e gutt Stéck méi interessant ginn. E weidere Féierungsgol duerch de Faride Alidou konnten d'Gladbacher nämlech duerch zwee Goler bannent zwou Minutten konteren an domat selwer a Féierung goen. D'Rechnung war domat awer nach net gemaach, dat well den Damion Downs ronn zéng Minutte viru Schluss op 3:3 ausgläiche konnt a Köln domat nach ee Punkt am Ofstigskampf geséchert huet.

Nom Aus an der Champions League géint Real Madrid konnt sech Leipzig virun den eegene Spectateure mat 2:0 géint Darmstadt duerchsetzen. E fréie Selbstgol duerch den Thomas Isherwood hat d'Lokalekipp no dräi Minutten a Féierung bruecht. RB huet sech senger Favoritteroll gerecht gemaach an hat fir de Rescht vun den éischte 45 Minutten och d'Kontroll iwwert de Match. Kuerz nom Säitewiessel ass dem frësch agewiesselte Christoph Baumgartner dann den 2:0 gelongen, bei deem et bis um Enn och bleiwe sollt a Leipzig sech déi dräi verdéngte Punkte séchert.

An der véierter Partie vum Samschdegmëtteg huet sech Augsburg mat 1:0 géint Heidenheim duerchgesat. Den Jeffrey Gouweleeuw hat d'Haushäre vum FCA no 22 Minutte a Féierung bruecht. Am weidere Verlaf vun der Partie ass vum Opsteiger aus Heidenheim offensiv ze wéineg komm, fir nach ee Punkt aus Augsburg mat Heem ze huelen.

E Samschdeg den Owend gouf et dann nach eng 2:1-Victoire fir Borussia Dortmund zu Bremen. No de Goler vum Donyell Malen an Jadon Sancho louch de Gaascht am Weserstadion schonn no 38 Minutte mat 2:0 a Féierung. Duerch eng Rout Kaart fir de Marcel Sabitzer kuerz virun der Paus huet sech de Bremer fir déi zweet Hallschent awer nach ee Mol eng Chance opgedoen. Zwar konnte si am Numm vum Justin Njinmah op 1:2 verkierzen, sou richteg iwwerzeegt huet een trotz enger Iwwerzuel awer net gespillt. Um Enn séchert sech Dortmund wichteg dräi Punkten, mat deenen d'Borussia an den Top-4 bleift.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell