Um Samschdeg gouf den drëtte Spilldag vun de Playoffe bei den Hären an der LBBL gespillt.

Resumé Basket-Championnat / Reportage Shari Schenten

Hären - 1/4-Finallen

Dobäi koum et zu zwee entscheedende Matcher an de "Best-of-3"-Serien.

Zu Walfer hunn d'Zuschauer en enorm spannende Match gesinn, deen eréischt an der zweeter Verlängerung entscheet gouf. Nodeems d'Gäscht aus der Fiels de bessere Start an de Match haten, louche si an der Paus 42:32 a Féierung. Walfer huet sech no der Paus zeréckgekämpft a keng Ekipp konnt sech no 40 Minutten duerchsetzen (74:74). Um Enn vun der éischter Verlängerung stoung de Fielser Ryan Ogden un der Fräiworflinn, konnt awer just eng vun zwou Fauten erasetzen, an esou sollt et zu enger weiderer Verlängerung kommen (87:87). No 50 Minutte stoung e Gewënner fest, d'Résidence setzt sech mat 98:93 duerch. 28 Punkte konnt den Nationalspiller Oliver Vujakovic zur Victoire bäisteieren.

RTL

© RTL / Shari Shenten

Déi (warscheinlech) decisiv Aktioun zu Walfer

D'Amicale Steesel huet géint d'Sparta Bartreng keng Zweiwel opkomme gelooss. D'Lokalekipp huet de Match direkt an den éischte Minutten dominéiert a sech ofgesat, nom éischte Véierel louch Steesel 26:11 a Féierung. D'Lokalekipp huet de Match um Enn souverän mat 89:48 fir sech entscheet, woubäi 10 Spiller Punkte fir d'Lokalekipp markéiert hunn; den Jarvis Williams hat mat 21 déi meescht um perséinleche Kont stoen.

Domat kënnt et an der Halleffinall zum Derby tëschent Steesel a Walfer, woubäi d'Amicale als Tabellenéischte mat Heemvirdeel an eng “Best-of-3"-Serie start. An der zweeter Halleffinall spillen d'Etzella Ettelbréck an de Basket Esch géinteneen, den Optakt ass nächste Weekend.

Hären - Playdown

An der Ofstigsgrupp setze sech d'Musel Pikes auswäerts mat 79:68 géint d'Kordall Steelers duerch. Stäerkste Spiller bei de Gäscht war den Tai Bibbs mat 27 Punkten. D'Ekipp vun der Musel erspillt sech duerch dës Victoire e Virsprong vun zwee Punkten op den direkte Konkurrent.

Mamer klappt de Gréngewald auswäerts 80:65 an setzt sech domat an der Tabell weider vun der Konkurrenz of. De Lavone Holland konnt 22 Punkte fir seng Ekipp markéieren. Bei der Lokalekipp huet mam Justin Martin en neie Profispiller säin Debut gefeiert.

Hären - Nationale 2

Dammen - 2. Tour Qualifikatioun

Bei den Damme stoung um Samschden nach eng Entscheedung um Programm. Am direkten Duell hu sech den AB Conter an d'Amicale Steesel ëm déi 4. Plaz an domat ëm eng Plaz an der Halleffinall gestridden. Um Enn séchert sech Steesel d'Qualifikatioun mat engem däitlechen 89:66-Erfolleg.

D'Amicale trëfft an der "Best-of-3"-Serie op de Leader Gréngewald Hueschtert. D'Ekipp vum Trainer Francois Manti iwwerrennt um Samschdeg d'Sparta Bartreng mat 98:68 a geet domat ongeschloen an d'Halleffinall. Déi eenzeg Néierlag vum Gréngewald gouf et an der Coupefinall géint Diddeleng. D'Samantha Logic koum niewent 12 Punkten op e Saisonhéchstwäert vun 20 Assists.

Den T71 Diddeleng wënnt auswäerts kloer mat 78:53 géint Wolz. Ouni d'Mia Loyd an d'Mandy Geniets am Kader hu bei de Gäscht insgesamt 10 Spillerinne mindestens 4 Punkte markéiert. Scho virun enger Woch stoung fest, dass Diddeleng mat Heemvirdeel an d'Halleffinall géint Bartreng starte wäert.

Dammen - Playdown