
Am 110. Bundesligaduell tëscht Bayern München a Borussia Dortmund gouf déi éischt Victoire fir de BVB zënter 10 Joer. Dortmund konnt sech mat 2:0 duerchsetzen. Den däitsche Rekordmeeschter gouf vun engem Dortmunder Konter, deen den Adeyemi verwandele konnt, kal erwëscht. Duerno huet eigentlech just München gespillt, mee Dortmund huet mat Mann a Maus verteidegt an d’Féierung an d’Paus gerett. Nom Säitewiessel huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gewisen: München huet attackéiert, Dortmund huet verteidegt an op Kontere gelauert. An der 83. Minutt sollt en Ausfluch virun de Münchener mam 2:0 belount ginn, wat d’Virentscheedung war. D’Bayern hunn nom 1:2 nach eng Kéier gehofft, mee de Gol vum Kane gouf wéinst Abseits oferkannt.
Leverkusen klappt Hoffenheim 2:1 a bleift an dëser Saison ongeschloen. De Match hat lues ugefaangen, mee sollt ab dem 0:1 fir Hoffenheim richteg Faart ophuelen. Leverkusen hatwéi esou dacks méi vum Match, mee Hoffenheim huet gutt dogéint gehalen a konnt no 33 Minutten aus dem Näischt a Féierung goen. D’Werkself huet doropshin eng Rei geféierlech Golchancë produzéiert, awer ouni déi néideg Reussite. An der zweeter Hallschent war et laang dat selwecht Bild: Leverkusen ass ugerannt, hat awer kee Gléck virum Gol. An 88. Minutt sollt de verdéngten Ausgläich falen; an domat nach net genuch. An der Nospillzäit huet de Schick zum 2:1 fir d’Ekipp vum Trainer Xabi Alonso eragesat an domat 3 Punkten doheem behalen.
Am éischte Match no der Ukënnegung, dass de Christian Streich no der Saison als Freiburg-Trainer ophält, huet de Sportclub 3:0 zu Gladbach gewonnen. Freiburg mat der éischter geféierlecher Aktioun a Féierung gaangen, duerno huet de Match Gladbach gehéiert. D’Fohlen hate bis zur Paus op d’mannst véier gutt Chancen op den Ausgläich, mee ëmmer war e Freiburger dotëscht. Direkt no der Paus gouf et déi kal Dusch fir Gladbach, wéi de Röhl den zweete Gol fir Freiburg markéiert huet. Nom 3:0 duerch den Doan war de Match gelaf a Gladbach blouf senge Supporter villes schëlleg.
Zu Leipzig gouf et kee Gewënner, RB a Mainz hunn d’Punkte gedeelt. No 10 Minutte gouf et déi éischt Opreegung am Stadion, well Leipzig en Handeelefmeter wollt, deen den Arbitter no Récksprooch mam VAR awer versot huet. Uschléissend war e Match, deen aarm u Golchancë war. Bis op zwou weider Chancë fir Leipzig war bis zur Paus net méi vill ze gesinn, Mainz huet sech gréisstendeels op d’Verteidege konzentréiert. Och an der zweeter Hallschent konnt sech Mainz op säi staarke Keeper Zentner verloossen. Mainz hat an der Persoun vum Leandro Barreiro an der 88. Minutt eng gutt Méiglechkeet, awer nach als Gewënner vum Terrain ze goen; de Ball goung awer knapp laanscht de Potto. Leipzig verléiert domat wichteg Punkten am Kampf ëm Plaz 4.
Frankfurt an Union Berlin trenne sech 0:0. An der éischter Hallschent hat Berlin nach déi besser Chancen, mee och Frankfurt huet sech virum Gol gewisen, awer ouni Kapital doraus ze zéien. Am zweeten Duerchgang huet sech den Zuschauer dat selwecht Bild gebueden: Berlin hat am Ufank déi besser Chancen, duerno koum Frankfurt besser an de Match. Um Enn trenne sech béid Ekippe leeschtungsgerecht.
Ënner dem neien Trainer Ralph Hasenhüttl geléngt Wolfsburg den Turnaround: Wolfsburg gewënnt 2:0 zu Bremen. Béid Ekippen huet een d’Veronsécherung aus de leschte Wochen am éischten Duerchgang ugemierkt, keng Ekipp huet sech grouss no vir gewot. Kuerz virun der Paus huet den Arbitter de Bremer Jung wéinst enger Noutbrems vum Terrain gesat. An der Nospillzäit konnt Wolfsburg dovu profitéieren an no engem Corner den 1:0 schéissen. D’Gäscht waren och am zweeten Duerchgang méi bësseg, et huet awer bis an déi 84. Minutt gedauert, bis Wolfsburg de Sak zougemaach huet.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.