Lëtzebuerger Futtballer am AuslandNationalspiller Yvandro Borges huet sech Kräizband gerass

RTL Lëtzebuerg
De Borges Sanches huet sech an der Partie vum NEC Nijmegen, bei deen hien ausgeléint ass, géint Fortuna Sittard blesséiert.

Beim 1:1 leschten Dënschdeg huet sech den Nationalspiller de viischte Kräizband am rietse Knéi gerass. Den Yvandro Borges Sanches ass elo nees zeréck bei säin eigentleche Veräin Borussia Mönchengladbach, fir do seng Reeducatioun ze maachen.

Den 19 Joer jonken Nationalspiller war réischt am Wanter vu Gladbach op NEC Nijmegen an Holland ausgeléint ginn, fir do no sengem Muskelfaserrëss Spillpraxis ze sammelen.

Back to Top
CIM LOGO