Patrizia van der Weken huet eng Medail domadder nëmme ganz knapp verpasst.

Am Olympiastadion zu Roum ass d'Patrizia van der Weken op der Liichtathletik-EM an der Finall iwwer 100 Meter op déi ondankbar 4. Plaz gelaf.

Gold ass fir Brittin Dina Asher-Smith. Selwer a Bronz si fir d'Polin Ewa Swoboda an d'Italienerin Zaynab Dosso. Mat enger Zäit vun 11.04 Sekonne kennt d'Patritzia van der Weken op déi ondankbar 4. Plaz a verpasst domadder eng Medaill nemme ganz knapp.

Um freie Sonndeg Owend konnt sech d'Patrizia van der Weken  an der 1/2-Finall mat engem neien nationale Rekord fir d'Finall qualifizéieren. D'Sprinterin huet hir Course an enger Zäit vun 11.00 Sekonne gewonne gehat.

D'Finall am Replay

D'Halleffinall am Replay

Liichtathletik-EM: D'Halleffinall vun den 100 Meter
Bei den Damme konnt sech d'Patrizia van der Weken an hirer Course als Éischt duerchsetzen an sech fir d'Finall qualifizéieren.