European Cup am HandballDéifferdeng verpasst Sensatioun, Esch mat zweeter Néierlag

Yannick Glod
D'Red Boys huet mat 21:32 géint Velenje de Kierzere gezunn an Esch war Haukar op en Neits 24:31 ënnerleeën. Domat ass d'europäesch Saison fir d'lëtzebuergesch Ekippen eriwwer.
© AFP (Archiv)

E Sonndeg war kee gudden Dag fir de Lëtzebuerger Handball. Nieft der däitlecher Defaite vun der Dammen-Nationalekipp an der WM-Qualifikatioun goufen och Esch an Déifferdeng am European Cup eliminéiert. Domat ass d'europäesch Saison fir d'Vertrieder aus dem Grand-Duché eriwwer.

D'Red Boys hat am Allermatch e Samschdeg d'Weiche fir eng Sensatioun gestallt, andeem ee Velenje mat 31:29 iwwerraschend geklappt hat. De sloweeneschen Traditiounsveräin huet am Réckmatch e Sonndeg d'Verhältnesser nees riichtgebéit an 32:21 gewonnen.

An der éischter Véierelstonn hat Déifferdeng de Match am Grëff, mee den 8:8 an der 19. Minutt sollt de leschte Gläichstand an dësem Spill sinn. Duerno huet sech Velenje e klenge Virsprong vu véier Goler erausgespillt a louch an der Paus 18:14 vir.

Den Hakim Jarrar (7) an den Ivan Garcia (6) konnte wuel e puer Bäll halen, koumen awer net un d'Paradenunzuel vum Matevz Skok am Gol vu Velenje erun. Hie stoung um Enn bei 50 Prozent gehalene Bäll an hat 16 Paraden opweises.

Sou ass de Virsprong vum fréieren Champions-League-Participant bis op 7 Goler gewuess an huet sech do laang agependelt. An de leschte Minutten ass de Réckstand nach op 11 Goler gewuess. Déifferdeng ass an der zweeter Hallschent just 7 Goler gelongen, wat géint sou eng Ekipp ze wéineg ass.

Esch no zwou Néierlage géint Haukar eliminéiert

Fir den HB Esch war nom éischte Match e Samschdeg (21:41) scho kloer, dass e keng Chance op d'Weiderkommen hat. Mat enger Leeschtungssteigerung an engem 24:31 huet d'Ekipp aus der Minettmetropol der europäescher Bün fir dës Saison Äddi gesot.

Wichteg fir Esch war, dass de Luca Tomassini no senger Rouder Kaart am Allermatch nees matwierke konnt. Virun allem well den Afonso Duarte Clemente kee gudden Dag erwëscht hat. De geléierte Pivot, deen awer zënter e puer Joer am Réckraum aktiv ass, konnt 5 Goler bäisteieren.

Haukar konnt sech scho fréi eng kleng Féierung erausspillen (8:4 no 14 Minutten), och wann d'Lëtzebuerger laang net sou vill Golchancen zougelooss hu wéi um viregten Dag. Den Hugo Figueira an de Chris Menster konnten awer just 8 vun de 45 Wërf paréieren. Am Ugrëff hu sech déi Schwaarz-Wäiss méi Chancen erausgespillt, hunn awer just 50 Prozent vun hire Wërf am Gol ënnerbruecht.

No engem 14:10 fir d'Islänner an der Paus blouf de Virsprong bis an d'48. Minutt konstant bei 4-5 Goler. Duerno huet Haukar seng Qualitéiten nach eng Kéier ënner Beweis gestallt. Fir d'Escher Nationalspiller (Kirsch, Fancelli, Tomassini, Mitrea, Werdel, Krier) geet et déi nächst Woch mat EM-Qualifikatiounsmatcher weider.

Back to Top
CIM LOGO