Barbora Krejcikova wënnt eng éischt Kéier zu Wimbledon

© AFP
An enger spannender Finall setzt sech um Enn Barbora Krejcikova un der Church Road duerch a gewënnt hiren éischten Eenzeltitel beim brittesche Grand Slam.
An der Finall stounge mat der Barbora Krejcikova an der Jasmine Paolini zwou Aussesäiterinnen, mat deene kee virum Start vun den All England Championships gerechent hat. D'Tschechin Krejcikova konnt an hirer Karriär schonn eng Rei Grand-Slam-Titele sammelen, dorënner d'French Open am Joer 2021. D'Italieenerin Paolini gesäit een éischter net dacks esou laang bei engem Grand Slam. Mam Opschlag an der Finall confirméiert si awer hir staark Performance vun den dësjärege French Open, wou si an der Finall stoung.
Et war eng vun de spannendste Finallen vun de leschten Editiounen. Den éischte Saz um Centre Court zu Wimbledon goung mat 6:2 kloer un d'Tschechin Krejcikova. Der Paolini huet am Ufank déi néideg Sécherheet gefeelt an d'Krejcikova konnt vun hire staarken Opschléi profitéieren. Am zweete Saz huet d'Italieenerin dunn awer opgedréint a sech mat 6:2 zeréckgekämpft, soudass et an den drëtten an decisive Saz goung.
Am drëtte Saz hu sech béid Kontrahentinnen näischt geschenkt an dat Bescht aus sech erausgeholl. Beim Stand vu 5.4 huet d'Krejcikova hiren drëtte Matchball verwandelt, wat hir hiren éischten Eenzeltitel un der Church Road abruecht huet. Si hat zu Wimbledon schonn zweemol am Dubbel gewonnen.
E Sonndeg steet um 15.00 Auer nach d'Finall vun den Hären um Programm, déi Dir op RTL ZWEE, RTL.lu an op RTL Play suivéiere kënnt.