Virun zwee Joer hat d’Lëtzebuerger Triathlonsfamill, bedéngt duerch gutt Resultater mat der Mixed Staffel, berechtegt Hoffnunge fir d'Olympesch Spiller.

Zwee Athleten an zwou Athletinnen hätte sollen de Wee op Paräis fannen. Dovu blouf elo mam Jeanne Lehair just eng Athletin iwwreg.

Allerdéngs huet d’Triathlonfederatioun an de Lëtzebuerger Sport mat der Weltklassathletin gutt Kaarten an der Hand. D’Jeanne Lehair ass seelen zu Lëtzebuerg a wann, dann ass den Dag gutt gefëllt. Zwee Fotoshootingen, zwee Trainingen, eng Doppingkontroll moies fréi, e Rendez-vous um Sportsministère an owes d’Presentatioun.

Fënnef Woche laang huet d’Nummer 6 am Olympiaranking an der Héicht zu Font Romeu trainéiert, dat zesumme mat hirer internationaler Trainingsgrupp ënner de Fittiche vun hirem portugisesche Coach.

Elo bleiwen nach zwou Woche bis zum Optrëtt zu Paräis mam Depart vum Dammentriathlon den 31. Juli moies um 8 Auer.