Best-of vun der Erëffnungszeremonie
E Freideg den Owend war d'Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Summerspiller zu Paräis.
D'Lëtzebuerger Delegatioun gouf um kuerz no 21 Auer am Bild gewisen, d'Ni Xia Lian an de Bob Bertemes hunn de Rout Wäiss Bloe Fändel gedroen.

© AFP
Bei vill Reen hu sech d'Sportler iwwer 6 km op der Seine féiere gelooss. D'Zeremonie ass du beim Eiffeltuerm um Trocadero virugaangen.
Um 22.53 Auer huet de franséische President Emmanuel Macron d'Olympesch Spiller zu Paräis no enger spektakulärer Show op der Seine fir op erkläert.
De fréieren franséische Futtball-Nationalspiller Zinedine Zidane huet dem Rekordgewënner vun de French Open am Tennis, dem Rafael Nadal, d'Olympesch Flam weiderginn. Duerno ass d'Flam nach vun enger gudder Partie weidere Sportstare fir kuerz Zäit transportéiert ginn, ier dann d'Marie-Jo Pérec an den Teddy Riner d'Flam am Jardin des Tuileries ugefaangen hunn.
Den Ofschloss huet d'Céline Dion mat engem Titel vum Edith Piaf gemaach.
Kuckt hei e Best-of vun der Zeremonie
Impressioune vum Public Viewing an der Stad
D'Ville de Luxembourg huet e Freideg den Owend op e Public Viewing invitéiert, fir d'Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller nieft der Gëlle Fra um groussen Ecran ze kucken. Och wann een hei net grad esou no dobäi ass wéi zu Paräis, freeën d'Leit sech awer op déi sëlleg Sportskompetitiounen.