Leverkusen setzt sech verdéngt géint Hoffenheim duerch, wärend Freiburg Bochum néierkämpft. Frankfurt klappt Wolfsburg a Leipzig an Union spille gläich.

Leipzig  an Union Berlin spillen 0:0 gläich, woumat Leipzig de Sprong un d'Tabellespëtzt verpasst. Déi éischt Hallschent war immens zéi, obwuel Leipzig déi spillbestëmmend Ekipp war. Mee Union Berlin stoung hanne sécher a kompakt, soudass RB net duerchkoum a säi Spill opzéie konnt. Am zweeten Duerchgang huet sech de Spectateuren iwwer laang Strecken dat selwecht Bild gebueden, bis Leipzig an der 73. Minutt en Eelefmeter zougesprach krut. Jiddereen hat mam sécheren 1:0 gerechent, mee de Berliner Rönnow konnt de Schoss vum Openda entschäerfen. Leipzig hat nach eng gutt Chance, déi awer och vum Rönnow paréiert gouf.

Stuttgart geléngt d'Generalprouf fir de Start vun der Champions League a klappt Gladbach3:1. Déi éischt Hallschent hat vill Tempo an Intensitéit a sech. Gladbach huet gepresst, mee et war Stuttgart, dat an der 20. Minutt duerch den Nei-Nationalspiller Undav a Féierung goung. Fënnef Minutte méi spéit konnt sech Gladbach fir säi Pressing belounen an duerch de Plea ausgläichen.

Nom Säitewiessel konnten d'Gäscht duerch déi éischt geféierlech Aktioun am zweeten Duerchgang nees a Féierung goen an e puer Minutte spéider souguer op 3:1 erhéijen. D'Goler gounge jeeweils op de Kont vum Neizougang Demirovic. Gladbach huet et wuel bis zum Enn probéiert, koum awer net méi zu geféierleche Chancen

Freiburg a Bochum trenne sech no enger monterer zweeter Hallschent 2:1 zu Gonschte vun der Lokalekipp. De Sportclub 'war am éischten Duerchgang wuel déi besser a méi dominant Ekipp, hat awer keng wierklech geféierlech Golchancen. Bochum huet sech immens passiv verhalen a Freiburg de Match iwwerlooss, konnt awer kuerz virun der Paus mat der éischter Chance den 1:0 markéieren an hat duerno nach d'Méiglechkeet op den zweete Gol.

Freiburg huet sech an der Paus eng Kéier gerëselt an ass mat vollem Tatendrang duerchgestart. An der 58. Minutt gouf den SC mam Ausgläich belount a konnt kuerz drop souguer a Féierung goen. Zweemol hat den Adamu getraff. Uschléissend hate béid Ekippen nach eng Rei gutt Chancen, mee de Ball goung net iwwer d'Linn. An der 88. Minutt hat Freiburg eng drëtt Kéier de Ball am Filet ënnerbruecht, dee Gol gouf awer wéinst Abseits oferkannt.

Leverkusen gewënnt duerch e Kraaftakt 4:1 zu Hoffenheim an ass nees voll am Jumm. Et war eng monter éischt Hallschent zu Sinsheim, wou sech béid Ekippen näischt geschenkt hunn. Den éischte Gol vu Leverkusen no 17 Minutte gouf kuerz op Abseits iwwerpréift, éier de Meeschter sech freeë konnt. Et war knapp eng hallef Stonn gespillt, wéi Leverkusen duerch de Boniface op 2:0 erhéicht huet. Hoffenheim konnt sech kuerz drop zweemol hannertenee freeën; awer just eng Kéier zu Recht. Beim zweete Jubel gouf op Abseits decidéiert. Soumat goung Leverkusen e bësse glécklech mat 2:1 an d'Kabinnen.

Am zweeten Duerchgang huet den amtéierende Champion séier kuerze Prozess gemaach. No enger staarker Ufanksphas hunn de Wirtz an de Boniface bannent 3 Minutten de Match fir Leverkusen entscheet. Hoffenheim war an den zweete 45 Minutte quasi komplett ofgemellt an huet sech op d'Verteidege konzentréiere mussen.

Fir Frankfurt gouf et eng 2:1-Victoire zu Wolfsburg. D'Lokalekipp hat de bessere Start an déi kloer optesch Virdeeler, huet sech awer un den defensive Frankfurter d'Zänn ausgebass. Am weidere Spillverlaf koumen d'Gäscht besser an de Match a konnten duerch de Marmoush a Féierung goen.

Och den zweeten Duerchgang war net vu ville Golchancë gepräägt. Wolfsburg konnt eréischt spéit ausgläichen, mee huet sech uschléissend nach en Eelefmeter gefaangen, deen de Marmoush zu sengem zweete Gol eragesat huet.

An der Owespartie huet Bayern München souverän 6:1 beim Opsteiger Kiel gewonnen. Schonn no enger Véierelstonn louch de Rekordmeeschter 3:0 vir an huet vun enger ondisponéierter Defense vu Kiel profitéiert. Kuerz virun der Paus huet München op 4:0 erhéicht, tëschenzäitlech war een e bësse vum Gas gaangen.

Kiel wollt sech an der zweeter Hallschent besser verkafen an hat och eng direkt eng gutt Chance, mee duerno koum net méi vill. An der 65. Minutt huet den FCB op 5:0 gestallt. Kiel koum an der 82. Minutt nach zum Éieregol. An der Nospillzäit krut München nach en Eelefmeter zougesprach, deen de Kane zu sengem drëtte Gol eragesat huet.

E Freideg hat sech Borussia Dortmund 4:2 géint den 1. FC Heidenheim duerchgesat.

De Resümee vun de Matcher aus den aneren europäesche Lige fannt Dir hei.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell