Liverpool verléiert säin éischte Match an dëser Saison a ManCity dréint en 0:1 an en 2:1 géint Brentford.

Bundesliga

De Resümee vum 3. Spilldag fannt Dir hei.

Premier League

Southampton - Manchester United 0:3
0:1 de Ligt (35'), 0:2 Rashford (41'), 0:3 Garnacha (90'+6)

De Match hat fir Manchester United net gutt ugefaangen. Southampton hat däitlech méi Ballbesëtz an d'Red Devils koumen net wierklech an de Match. No 30 Minutte krut Southampton dunn nach en Eelefmeter zougesprach, deen den Onana awer hale konnt. Mat der nächster Aktioun ass dem de Ligt quasi aus dem Näischt d'Féierung fir Manchester gelongen. D'Manchester Urgestee Rashford konnt nach virun der Paus op 2:0 erhéijen.

D'Spectateuren hunn an der zweeter Hallschent vu béiden Ekippen net vill gesinn. Southampton wär an der 90. Minutt bal den Uschloss gegléckt, mee ManU huet am Géigenzuch de Sak zougemaach a seng zweet Victoire an dëser Saison gefeiert.

Brighton - Ipswich 0:0

D'Ekipp vum neien däitschen Trainer Fabian Hürzeler, deen zum Trainer vum Mount August an der Premier League gewielt gouf, bleift ongeschloen a steet provisoresch op der 3. Plaz.

Liverpool - Nottingham 0:1

0:1 Hudson-Odoi (72')

Liverpool muss um 4. Spilldag e Réckschlag astiechen. Nom beschte Start fir en neien Trainer an der Premier League (3 Victoiren, 7:0 Goler) huet dem Arne Slot seng Ekipp wuel de Match bestëmmt, mee ouni déi néideg zwéngend Golchancen. Nottingham huet sech op d'Defense konzentréiert a vun engem Konter profitéiert, fir den decisive Gol ze schéissen. Et war déi éischt Victoire fir Nottingham géint Liverpool zënter 1969.

Manchester City - Brentford 2:1

0:1 Wissa (1'), 1:1 Haaland (19'), 2:1 Haaland (32')

No engem Blëtzstart fir Brentford hunn d'Skyblues e bësse gebraucht, fir sech ze rëselen, well Brentford hat souguer d'Méiglechkeet op den 2:0. Nodeems de Motor waarm war, huet den Erling Haaland de Match fir den amtéierende Meeschter gedréint. Am zweeten Duerchgang huet ManCity d'Virentscheedung ëmmer nees verpasst, mee konnt vun der net existenter Offensivgefor vu Brentford profitéieren an de Match positiv op en Enn bréngen.

Fir Manchester City steet e Méindeg awer wuel en nach méi wichtege Rendez-vous um Programm.

Serie A

Empoli - Juventus Turin 0:0

Ligue 1

Marseille - Nice 2:0 
1:0 Maupay (40'), 2:0 Luis Henrique (53')

Marseille gewënnt de Côte-d'Azur-Derby géint Nice a bleift an dëser Saison ongeschloen. Fir Nice ass et déi zwee Néierlag, dat domat am Mëttelfeld vun der Tabell verbleift.

Auxerre - Monaco 0:3
0:1 Kehrer (8'), 0:2 Vanderson (25'), 0:3 Zakaria (89')

D'AS Monaco bleift um Konkurrent vun der Côte d'Azur, dem Olympique Marseille, drun. D'Victoire géint Auxerre war déi insgesamt drëtt, woumat Monaco elo 10 Punkten um Kont huet a punktgläich mat Marseille ass.

La Liga