Enquête géint Manchester City kënnt e Méindeg viru Geriicht

© AFP
Manchester City geet et sportlech gutt, mee finanziell weess een net, ob sech de Veräin un d'Reegelen hält. Den englesche Ligaverband wëll Kloerheet.
Zënter Jore gëtt Manchester City virgehäit, si géinge géint Finanzreegele vun der englescher FA a géint déi vun der UEFA verstoussen. Et geet ë.a. ëm dubiéis Sponsoring-Recetten an angeeblech verdeckt Virementen un Trainer a Spiller.
E Méindeg start de Prozess mat insgesamt 115 Uklopunkte virun engem Disziplinar-Gremium, dat aus dräi Leit besteet. ManCity kéint hei nees Geschicht schreiwen, well et esou e Prozess an deem Ausmooss nach ni an der Futtball-Geschicht gouf. Am Mee hat d'Ekipp vum Trainer Pep Guardiola national Geschicht geschriwwen, well se als éischte Veräin de Meeschtertitel véier Mol hannertenee gewanne konnten.
Wat de Skyblues bei enger Verurteelung blitt, ass net wierklech kloer. Et kéint e Punktofzuch, eng Transferspär, eng Disqualifikatioun bis hin zur Oferkennung vu Meeschterschafte kommen.
ManCity war 2020 schonn eng Kéier vun der UEFA zu enger héijer Geldstrof verurteelt a fir zwee Joer vun europäesche Kompetitiounen ausgeschloss ginn. De CAS (Court of Arbitration for Sport) zu Lausanne an der Schwäiz hat dës Strof awer op eng reng Geldstrof (8 Millioune Pond) reduzéiert an d'Skyblues duerften un der Champions League deelhuelen, déi se 2023 eng éischt Kéier gewonnen hunn.