BVB dréint Match géint Bochum an de PSG klappt Rennes

© AFP
Iwwerdeems et an der Serie A dräi Punkte fir den AC Mailand gouf.
E Freideg den Owend war den Optakt vu 5. Spilldag an der däitscher Bundesliga. Fënnef Deeg nom desolaten 1:5 géint Stuttgart huet sech d'Ekipp vum Trainer Nuri Sahin an engem enke Match mat 4:2 géint Bochum behaapt.
Fir de BVB hat de Match awer alles anescht wéi gutt ugefaangen. De Bero (16.) an den de Wit (21.) haten d'Gäscht fréi mat 2:0 a Féierung bruecht. Duerch d'Goler vum Guirassy (44./75.), dem Can (61. / Eelefmeter) an dem Nmecha (81.) konnten déi Dortmunder de Match nach dréinen.
An der franséischer Ligue 1 war e Freideg den Owend de Champion PSG gefuerdert. Dembelé a Co hu sech no 90 Minutte mat 3:1 géint Stade Rennes behaapt. De Barcola hat de PSG an der 30. Minutt a Féierung bruecht. No der Paus hun de Lee Kang-In (58.) an de Barcola (68.) op 3:0 erhéicht. Rennes konnt an der 73. Minutt per Eelefmeter vum Kalimuendo op 1:3 verkierzen, fir méi sollt et fir d'Gäscht awer net méi duergoen.

De Barcola dierf sech iwwer zwee Goler freeën. / © AFP
An an Serie A an Italien hat den AC Mailand keng Probleemer géint Lecce. Kuerz virun der Paus hat d'Ekipp vum Paulo Fonseca fir d'Virentscheedung gesuergt. De Morata hat an der 38. Minutt op 1:0 gesat, nëmmen dräi Minutte méi spéit hat den Hernandez op 2:0 erhéicht, ier de Pulisic an der 43. Minutt fir den 3:0 an domadder och fir d'Schlussresultat gesuergt huet.