
Ronn 4.500 Leeferinnen an Leefer waren e Sonndeg bei der 61. Editioun vun der Route du Vin zu Réimech um Depart. Bei der Arrivée koum et dunn awer zu engem Stau. Eng ganz Rei Participante waren net frou, well se bis zu 10 Minutten hu misse waarden, éiert si dunn iwwert de wäisse Stréch konnten trëppelen.
Fir den Organisateur Jose Azevedo ginn et dofir och e puer Grënn. D’Plaz bei der Arrivée zu Réimech bei der Schwämm wär ze enk, an wann d’Kräizung zu Réimech méi laang kéint gespaart bleiwen, da kéint een och déi verschidde Courssen méi decaléiert starte loossen, fir datt net esou vill Leefer op eemol beieneen bei der Arrivée wären.
De José Azevedo hofft an engem konstruktiven Dialog mat der Gemeng Réimech an de Ponts et Chaussées eng Léisung fir déi nächst Editioun ze fannen.