Victoire fir de BVB, Gläichspill tëscht Monaco a Lille

© AFP
An der däitscher Bundesliga an an der franséischer Ligue 1 ass e Freideg den Owend ee Match gespillt ginn.
An der däitscher Bundesliga huet sech e Freideg den Owend Borussia Dortmund mat 2:1 géint St. Pauli behaapt. De Serhou Guirassy huet duerch den 2:1 an der 83. Minutt e weidere Réckschlag vum BVB verhënnert. St. Pauli war vun Ufank u gutt am Match an huet sech alles anescht wéi passiv gewisen. No enger hallwer Stonn louch dat ronnt Lieder souguer am BVB-Gol, ma de Gol huet net gezielt, well e knapp Abseits war. Kuerz virun der Paus war et dunn d'Lokalekipp, déi duerch de Ramy Bensebaini (43.) a Féierung gaangen ass. Den tëschenzäitlechen Ausgläich vum Eric Smith (78.) aus ronn 30 Meter ass net duergaangen, fir St. Pauli Punkten ze sécheren. Duerch d'Victoire steet d'Dortmund an der provisoresche Tabell op Plaz 4.
Bei St. Pauli ass de Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani an der 88. Minutt agewiesselt ginn.
An der franséischer Ligue 1 huet den Tabellenéischte Monaco fir den Optakt vum 8. Spilldag Lille empfaangen. Wärend den 90 Minutten ass kenger Ekipp e Gol gelongen, sou datt ee sech mat engem 0:0 d'Punkte gedeelt huet. D'Lokalekipp stoung vun der 61. Minutt un nëmmen nach zu 10 um Terrain. Den Teze war mat Rout vum Terrain gesat ginn.
Monaco huet an der provisorescher Tabell elo 3 Punkten Avance op de Champion PSG, dee mat enger Victoire d'Féierung nees kéint iwwerhuelen.