Maxime Chanot geet als Gewënner vun der Western Conference an d'Playoffen

© AFP
Los Angeles FC huet sech um leschte Spilldag vun der "Regular Season" nach déi éischt Plaz vum Stad-Rival LA Galaxy gekroopt.
Sonndeg
An der ukrainescher Premier League huet den Olivier Thill mat Cherkazy dräi Punkte geséchert. Bei der 2:0-Victoire géint Inhulets Petrove war de Lëtzebuerger bis an d'Nospillzäit am Asaz.
An der zweeter chineesescher Liga gouf et fir Guangxi Pingguo Haliao eng kloer 1:4-Defaite géint Nanjing City, bei där den Gerson Rodrigues déi zweet Hallschent gespillt huet.
Den Enes Mahmutovic ass an der hollännesche Eredivisie net an den Asaz komm. Hien huet vun der Bänk aus eng 2:1-Victoire vu sengem NAC Breda géint PEC Zwolle gesinn.
An der Nuecht op e Sonndeg huet Los Angeles FC een 3:1-Succès géint San Jose Earthquakes gefeiert an domat ee perfekten Ofschloss vun der regulärer Saison kloer gemaach. De Maxime Chanot stoung hei rëm als zentralen Defenseur de ganze Match um Terrain. Weider geet et fir d'Ekipp vu Los Angeles elo an de Playoffen ëm de Championstitel vun der MLS.
Samschdeg
A Portugal stoung den drëtten Tour vun der Coupe um Programm. Hei huet sech Benfica Lissabon bei sengem éischten Optrëtt an der Kompetitioun 2:0 bei Pevidem duerchgesat. Den Däitsche Jan-Niklas Beste war mat zwee Goler Man of the Match. De Leandro Barreiro koum wéi sou dacks vun der Bänk a krut knapp 25 Minutte Spillzäit.
A Bulgarien koum et zum Derby tëscht Levski Sofia an dem ZSKA Sofia mam Lëtzebuerger Mica Pinto. Den Defenseur stoung dann och vun Ufank un um Terrain bei de Gäscht. Laang Zäit huet et no engem 0:0-Glich ausgesinn, éier de Makoun an der 86. Minutt den entscheedenden Gol fir Levski markéiere konnt. De Mica Pinto krut an der 80. Minutt nach eng Giel Kaart gewisen.
An der 2. däitscher Bundesliga war den SV Elversberg mam Lëtzebuerger Co. Trainer Raphael Duarte op Besuch zu Münster. Nodeems d'Lokalekipp an der 20. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen ass, konnt de Fellhauer kuerz viru Schluss den Ausgläich nach markéieren.
Union St. Gilloise stécht am Moment am Mëttelfeld fest a kënnt net richteg an de Rhythmus. Géint KAA Gent gouf et fir d'Ekipp vum Anthony Morris en 0:0. D'Form vu St. Gilloise an de leschte 5 Matcher stëmmt wuel (1 Victoire, 3 Gläichspiller, 1 Néierlag), mee den Ofstand zur Tabellespëtzt bedréit scho 7 Punkten.
An der serbescher Super Liga krut FK Vojvodina, de Veräi vum Sead Korac, just ee Punkt beim 1:1 géint den Tabelleleschte Jedinstvo. Vojvodina verléiert domat wichteg Punkten am Kampf ëm d'Spëtzepositiounen. De Lëtzebuerger stoung wuel 90 Minutten um Terrain, konnt de Réckstand fir seng Faarwen awer net verhënneren.
De Mirza Mustafic konnt mat FK Sarajevo an der éischter bosnescher Liga eng kloer 4:0-Victoire géint Velez Mostar feieren. De Lëtzebuerger huet seng Ekipp wéi gewinnt als Kapitän op den Terrain geféiert, gouf awer schonn an der Paus ausgewiesselt.
Freideg
Fir den Optakt vum 7. Spilldag an der däitscher Bundesliga huet Dortmund duerch Goler vum Guirassy a Bensebaini mat 2:1 géint St. Pauli gewonnen. De Smith huet an der 78. Minutt fir den teschenzäitlechen Ausgläich fir Hambuerger gesuergt. Bei St. Pauli ass de Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani an der 88. Minutt agewiesselt ginn.