Wolz behaapt sech zu Monnerech, Diddeleng léisst Punkte leien

© Steve Beckers
Monnerech waart no enger 0:3-Defaite weider op ee Punkt an der neier Saison an Diddeleng muss sech mat engem 2:2 zu Munneref zefridde ginn.
E Sonndeg war am nationale Futtball-Championnat d'Suite vum 10. Spilldag.
Monnerech muss och nom zéngte Match weider op den éischte Punkt vun der Saison waarden. Virun den eegene Spectateuren hu si sech misse mat 0:3 géint Wolz geschloe ginn. D'Gäscht ware selwer mat nëmme véier Punkten um Kont ugereest a ware sech deemno ëm d'Wichtegkeet vun deem Match bewosst. Dat huet een och um Terrain gesinn. Duerch eng engagéiert Ufanksphas hu si an der 5. Minutt een Eelefmeter fir sech gepaff krut, deen de Victor Gorny eraschéisse konnt. Trotz dem fréie Géigegol huet Monnerech an deenen éischte 45 Minutte vill no vir probéiert. Zwee Mol de Potto an ee Mol d'Lat hunn ee Gol fir d'Haushäre verhënnert, sou datt et mat engem battere Réckstand an d'Vestiairë gaangen ass.
Am zweeten Duerchgang huet Wolz no enger roueger Véierelsstonn dann duerch de Benjamin Romeyns op 2:0 erhéicht. Kuerz drop war et den Nawfel Saidi, deen op 3:0 gestallt an domat fir eng virleefeg Decisioun gesuergt. Monnerech wollt zwar nach eng Reaktioun weisen, dëst awer ouni Succès. Un der Sortie vum Match huet sech näischt méi geännert an domat bleift et weiderhin bei enger bis elo batterer Saison ouni Punkt.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Hueschtert - Rouspert 1:4
0:1 Bouché (35'), 0:2 Bouché (39'), 0:3 Markvoort (54'), 0:4 Markvoort (61'), 1:4 Fernandes (87')
Beetebuerg - Déifferdeng 0:3
0:1 Brusco (57'), 0:2 Abreu (85'), 0:3 El Idrissi (90+7')
Jeunesse - Rodange 3:2
0:1 Atieda (2'), 0:2 Lima (55'), 1:2 Logrillo (66'), 2:2 Mohammed (71'), 3:2 Rodrigues (79')
Monnerech - Wolz 0:3
0:1 Gorny (5'), 0:2 Romeyns (61'), 0:3, Saidi (70')
Péiteng - Stroossen 0:1
0:1 Perez (15')
Nidderkuer - Fola 5:2
1:0 Burban (9'), 1:1 Bari (12'), 2:1 Burban (45'), 2:2 Bari (51'), 3:2 Burban (53'), 4:2 Natami (57'), 5:2 Mazure (84')
Munneref - Diddeleng 2:2
1:0 Hasanbegovic (33'), 2:0 Godart (60'), 2:1 Bojic (71'), 2:2 Hadji (80')