Dirk Carlson mat zwou Virlage bei Victoire vu St. Pölten

© Val Wagner (Archiv)
De Raphael Duarte huet sech e Samschdeg iwwer 3 Punkte gefreet. Den Danel Sinani duerft eng éischt Kéier vun Ufank un an der Bundesliga spillen.
St. Pölten mam Dirk Carlson kroopt sech dräi wichteg Punkten, fir net ze déif an d'Ofstigszon vun der zweeter éisträichescher Liga ze geroden. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller gewënnt 4:2 géint den direkte Konkurrent SV Horn. De Carlson stoung wärend 90 Minutten um Terrain an huet beim 2:2 a 4:2 fir seng Faarwen d'Virlag ginn.
De positiven Trend vun FK Sarajevo an der bosnescher Liga geet weider. D'Ekipp vum Mirza Mustafic, deen 90 Minutten op der Bänk souz, klappt Igman 3:0 a bleift um Tabelleleader Zrinjski Mostar drun.
A Portugal huet Benfica Lissabon doheem mat 5:0 géint Rio Ave gewonnen. Wéi och schonn ënnert der Woch an der Champions League stoung de Leandro Barreiro net am Kader, dat well de Lëtzebuerger Nationalspiller weider ugeschloen ass.
Kee gudden Owend huet den Anthony Moris mat Union Saint-Gilloise erlieft. Hei gouf et 1:3-Néierlag am eegenem Stadion géint Cercle Brugge. No 12. Spilldeeg steet Gilloise just op der 10. Plaz, 13 Punkten hannert dem Leader an de Tabell Genk.
Samschdeg
Am fréie Samschdegnomëtteg huet sech Elversberg an der zweeter Bundesliga doheem 4:2 géint den Hamburger SV behaapt. Hamburg goung zwar a Féierung, mee d'Saarlänner konnten de Match zu hire Gonschten dréinen an aus dem 0:1 en 3:1 maachen. De Selke huet de Match an der 83. Minutt mat sengem zweete Gol nach eng Kéier spannend gemaach huet, mee Elversberg konnt vun der Giel-Rouder Kaart fir den HSV profitéieren an an der Nospillzäit de 4:2 schéissen. An der Tabell trennen den HSV op Plaz 4 an Elversberg (Plaz 6) mam Co-Trainer Raphael Duarte just nach zwee Punkten.
Eng Etage méi héich hu sech St. Pauli a Wolfsburg 0:0 getrennt, woubäi den Danel Sinani déi éischte Kéier an der Bundesliga an der Startformatioun stoung an och gutt Akzenter setze konnt. De Lëtzebuerger gouf an der 67. Minutt ausgewiesselt.
An der Ukrain huet LNZ Cherkasy mam Olivier Thill géint Kryvyj 1:3 de Kierze gezunn. De Lëtzebuerger stoung déi komplett Spillzäit um Terrain an huet sech nach virun der Paus eng Giel Kaart agefaangen. Do louch Cherkasy just 0:1 hannen. No der Paus huet Kryvyj de Sak zougemaach.
An der héchster polnescher Liga konnt den Edvin Muratovic d'0:2-Néierlag vun Odra Opole géint Legnica net verhënneren. De Lëtzbuerger Stiermer stoung wuel an der Startopstellung, konnt seng Qualitéiten awer net mat engem Gol ënner Beweis stellen. Hei gouf an der 80. Minutt, nom zweete Géigegol, ausgewiesselt.
An der Pro League an der Belsch huet Beveren mam Laurent Jans 1:1 géint d'U23-Ekipp vun Anderlecht gläichgespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun an huet d'Virlag zum 1:0 an der 30. Minutt gemaach.
Francs Borains mam Alessio Curci huet iwwerdeems auswäerts 2:2 géint Waregem gläichgespillt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf an der 70. Minutt ausgewiesselt. Nom 9. Spilldag ass Francs Borains nëmmen zwee Punkte vun enger direkter Ofstigsplaz fort.
An der Ligue 2 a Frankräich huet de Florian Bohnert beim 0:0 vu Bastia zu Ajaccio missen nokucken.
Net agewiesselt gouf dann och den Enis Mahmutovic an der hollännescher Eredivisie. De Lëtzebuerger huet mat senger Ekipp Breda awer mat 4:1 géint Waalwijk gewonnen.
An der 2. Liga an Norwegen huet Kongsvinger mam Lars Gerson auswäerts 1:1 géint Raufoss gläichgespillt. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain. Zwee Spilldeeg viru Schluss läit Kongsvinger ee Punkt hannert Stabaek, déi den Ament op der sechster Plaz stinn, wat d'Qualifikatioun fir de Playoff bedeit.
An der 1. Liga a Rumänien huet Hermannstadt mam Vahid Selimovic 0:2 géint Dinamo Bukarest verluer. De Lëtzebuerger huet de ganze Match duerchgespillt a krut an der 30. Minutt Giel gewisen. Hermannstadt steet an der provisorescher Tabell op der drëttleschter Plaz.
An an der Super Liga a Serbien huet Vojvodina mam Seid Korac 2:1 géint OFK Beograd gewonnen. De Lëtzebuerger stoung vun der éischter Minutt un um Terrain a krut Sekonne viru Schluss Giel gewisen.
Freideg
An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Köln mat 1:2 géint Paderborn de Kierzere gezunn. Déi Kölner waren an der 66. Minutt duerch e Gol vum Thielmann a Féierung gaangen. An der 76. Minutt haten d'Gäscht duerch de Michel den Ausgläich geschoss. Nëmme véier Minutten drop huet de Michel nach emol markéiert an esou fir d'2:1-Victoire gesuergt. Bei de Kölner ass de Mathias Olesen an der 63. Minutt agewiesselt ginn.