Augsburg klappt BVB, Leipzig iwwerhëlt Tabellespëtzt

© AFP
Stuttgart huet de Schwong aus der Champions League mat an d'Bundesliga geholl. Tëscht Wolfsburg a St. Pauli si keng Goler gefall.
Am Spëtzematch e Samschdeg den Owend huet de Champion Leverkusen eng Victoire verpasst. Zu Bremen ass d'Wierkseelef net iwwer een 2:2 (1:0) erauskomm a läit elo fënnef Punkten hannert dem Tabelleleader Leipzig.
Eng Woch no sengem Autosaccident hat de Boniface an der 30. Minutt fir de Champion getraff. Well den Ducksch (74') an de Schmid (90') awer och de Selbstgol vum Agu (78') kontere konnten, huet Leverkusen schonn nees eng Féierung net iwwer d'Zillinn bruecht. Bremen dierft sech iwwer de Punkt freeën, fir d'Haushäre waren et déi éischt Goler am Weserstadion zanter 161 Dee.
No der Néierlag an der Champions League géint Real Madrid huet Dortmund och an der Bundesliga de Kierze gezunn. Augsburg goung mat 2:1 als Gewënner vum Terrain.
De BVB hat am Ufank extreem vill Ballbesëtz a konnt de Score schonn an der 9. Minutt opmaachen, mee huet duerno näischt méi aus senge Chancë gemaach. Sou koum Augsburg duerch e Wäitschoss aus 25 Meter zum verdéngten Ausgläich an der 25. Minutt. Dat war de Gamechanger, well duerno war bei Dortmund d'Loft eraus. Augsburg huet direkt no der Paus op en Neits zougeschloen a konnt de Match domat zu senge Gonschten dréinen. Dem BVB ass offensiv näischt méi agefall, soudass et beim 1:2 blouf an d'Dortmunder keng positiv Serie starte kënnen.
RB Leipzig klappt den SC Freiburg am Spëtzematch tëscht dem Tabellenzweeten an -drëtten 3:1 a steet emol bis e Sonndeg un der Tabellespëtzt. D'Ekipp aus Süddäitschland goung no enger Véierelstonn wuel 1:0 a Féierung an huet RB an der éischter Hallschent net an de Match komme gelooss.
Dat sollt sech nom Säitewiessel änneren. Elo war et d'Ekipp vum Trainer Marko Rose, déi den Toun uginn huet. Befligelt vum séieren Ausgläich ass Leipzig no vir gestiermt a gouf mam 2:1 belount. Domat war de Match gedréint a Freiburg huet net méi an de Match fonnt. Mam 3:1 duerch den Openda war den Deckel drop
Nom staarken Optrëtt an der Champions League géint Juventus Turin gewënnt Stuttgart och an der Bundesliga. Géint Kiel gouf et eng 2:1-Victoire. Den Undav hat d'Schwaben an der éischter Hallschent a Féierung bruecht, mee et huet bis zur 61. Minutt gedauert, bis Stuttgart noleeë konnt. Kuerz drop war Stuttgart just nach zu Zéngt. Dat konnt Kiel awer eréischt an der 81. Minutt zum Ausgläich notzen, wat ze spéit war. Kuerz drop krut och Kiel ee Mann vum Terrain gesat.
Am Match tëscht St. Pauli a Wolfsburg si keng Goler gefall. Wolfsburg war net geféierlech genuch a fir St. Pauli ass et méi e Punktgewënn wéi e Punktverloscht. Den Danel Sinani stoung fir d'éischte Kéier an der Bundesliga an der Startformatioun vu St. Pauli a gouf an der 67. Minutt ausgewiesselt.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.