Fir den Optakt vum 12. Spilldag ass Péiteng doheem op den F91 Diddeleng getraff.

Et war een animéierte Match, an deem béid Ekippe sech vun Ufank un net verstoppt hunn. D'Lokalekipp konnt ëmmer nees Diddelenger Ballverloschter provozéieren a wosst duerchaus eppes mam Ball unzefänken, ma och d'Visiteure si vereenzelt geféierlech virum Gol opgedaucht. Péiteng huet no an no d'Iwwerhand gewonnen, soudass de Muratovic kuerz virum Säitewiessel ee laange Ball behaapte konnt an äiskal d'Féierung fir seng Faarwe markéiert huet.

Den F91-Trainer Martino huet an der Paus reagéiert an direkt dräifach gewiesselt, wat direkt belount ginn ass. No engem Fräistouss ass de Ball bei de Fernandes komm, dee fir den 1:1 suerge konnt. Dee sollt awer net laang halen, well de Merk am Strofraum gefoult gouf an no enger knapper Stonn per Eelefmeter nees op 2:1 gestallt huet. Ma e puer Minutten drop war et nees en Diddelenger Fräistouss, bei deem de Ball déi Kéier beim Hadji gelant ass a just nach huet missen iwwer d'Linn gedréckt ginn. An der Schlussphas ass d'Partie du verflaacht, soudass et bei engem Gläichspill bleiwe sollt.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Péiteng - Diddeleng 2:2

1:0 Muratovic (43'), 1:1 Fernandes (48'), 2:1 Merk (57', Eelefmeter), 2:2 Hadji (65')

D'Tabell