E Samschdeg war an der Coupe de Luxembourg den Optakt vun de 1/16-Finallen.

Am Toppmatch tëscht den zwou Ekippen aus der BGL Ligue ka sech de Racing mat 2:0 géint Hesper duerchsetzen a steet domat an der nächster Ronn. Zwee Goler vum Okpo Mazie hunn um Enn hei den Ënnerscheed gemaach.

An der zweeter Partie vum Owend konnt Hueschtert da mat 4:2 zu Jonglënster wannen. D'Haushäre waren no 20 Minutten iwwerraschend duerch ee Gol vum Luca Borbiconi a Féierung gaangen. De Kevin Quinol an de Luca Alverdi hunn de Score dann awer rëm op d'Säit vun de Favoritte gedréint. Jonglënster ass dann an der Schlussphas den Ausgläich gelongen, ma dat lescht Wuert sollt awer de Gaascht aus Hueschtert behalen, deen de Match um Enn duerch zwee spéit Goler mat 4:2 wënnt.

Wie sech nach alles den Ticket fir d'1/8-Finalle séchere kann entscheet sech an de 14 weidere Partien, déi e Sonndeg de Mëtteg gespillt ginn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater