Den Donneschdeg den Owend um 20.45 Auer spillt Frankräich am Stade de France an der Futtball-Nations-League géint Israel.

Am Virfeld vun der Partie gi sech Gedanken iwwer d'Sécherheet gemaach. D'lescht Woch war et zu Amsterdam an Holland ronderëm de Match tëscht Ajax Amsterdam a Maccabi Tel-Aviv an der Europa League zu uergen Aggressiounen tëscht hollänneschen an israeelesche Supporter komm.

Am Moment sinn d'Relatiounen tëscht Frankräich an Israel wéinst dem Krich an der Gazasträif ugespaant. Ronn 4.000 Poliziste sinn den Donneschdeg den Owend an a ronderëm de Stadion am Asaz. De Policechef vu Paräis, de Laurent Nunez, huet den Donneschdeg de Moie bei France Info Radio erkläert, datt d'Police net nëmmen am Beräich vum Stadion, mee och op de Stroossen an op dem Heemwee vun de Spectateure wäert present sinn. Och d'Videoiwwerwaachung soll hëllefen, fir potenziell Onroustëfter erauszefilteren.

De franséische President Macron ass den Donneschdeg den Owend fir de Match am Stadion a wëll sou seng Solidaritéit zum Ausdrock bréngen. Vun 80.000 méigleche Spectateure ginn der awer just 20.000 am Stadion erwaart. De Fanclub "Les Irreductibles Francais" huet esou zum Beispill eng Ëmfro bei senge Membere gemaach, firwat si net an de Stadion wéilte kommen. 15 % vun de Befroten hunn uginn, de Match ze boykottéieren, 30% vun hinne gesinn de Sécherheetsrisiko als ze grouss un.

Am Stadion sinn dem Paräisser Policechef no just Fändele vu Frankräich an Israel zougelooss. All politesch Messagë ginn als Provokatioun ugesinn a sinn inacceptabel. Esou wier et och scho wärend den Olympesche Spiller gewiescht.