Am Kader vun der Nations-League-Qualifikatioun stoung fir d'Rout Léiwen e Freidegowend de 5. Spilldag um Programm. Op dësem ass et géint Bulgarien gaangen.

No enger enttäuschender éischter Hallschent an enger ganz gudder zweeter Hallschent e Freidegowend am Stade de Luxembourg stoung fir d'Lëtzebuerger um Enn eng 0:1-Defaite géint Bulgarien um Pabeier. Domadder bleiwen d'Lëtzebuerger op der leschter Plaz an hirem Grupp a wäerten dës och sécher als Leschten ofschléissen. Am anere Match am Lëtzebuerger Grupp loossen d'Nordire géint Belarus näischt ubrennen. Nordirland behaapt sech kloer mat 2:0 géint Belarus a steet domadder weiderhin op der éischter Plaz an der Tabell.

D'Lëtzebuerger sinn e Freideg guer net schlecht an de Match gestart. Zwar konnten d'Rout Léiwe keng Grousschancë verbuchen, allerdéngs si se an der éischter Véierelsstonn ëmmer nees duerch gutt a séier Virstéiss mat Zoch op de Gol opgefall. Vun de Bulgare war bis dohin net vill ze gesinn. D'Gäscht sinn an der 18. Minutt du fir déi éischte Kéier geféierlech virum Lëtzebuerger Gol opgedaucht. Dëst no engem Distanzschoss vum Popov. Dem Bulgar säi Schoss ass awer glécklecherweis just knapps nieft dem Potto ageschloen. No dëser Occasioun sinn d'Gäscht allerdéngs besser an de Match komm an hunn d'Lëtzebuerger mat hirer haarder Manéier fir ze spillen ënner Drock gesat. Dës Aart a Weis huet sech an der 23. Minutt bezuelt gemaach. Dunn sollt et nämlech am Gol vun de Roude Léiwe rabbelen. Op en Néits waren d'Bulgare mat engem Distanzschoss geféierlech ginn an dës Kéier sollt dësen och am Gol aschloen. Aus gutt 20 Meter huet de Kraev dem Pereira am Lëtzebuerger Gol keng Chance gelooss an de Score op 1:0 fir d'Bulgare gestallt.

Den 1:0 vun de Bulgaren
An der 23. Minutt konnt de Kraev fir seng Faarwe markéieren

D'Léiwe waren doropshin ewéi geläämt an et ass hinnen häerzlech wéineg am Spill no vir agefall. Déi geféierlechst Chance op Lëtzebuerger Säite war nach de Klärungsversuch vum Petkov, deen eng Flank vum Jans bal a säin eegene Gol deviéiert hätt. D'Bulgaren dogéint haten nach e puer Chancen, mä de Pereira konnt dës all entschäerfen. Kuerz virum Téi sollten d'Rout Léiwen dunn deen éischte kadréierte Schoss op de bulgaresche Gol lassloossen, mä de Schoss vum Olesen konnt de Mitov mat enger schéiner Parad an de Corner deviéieren. Kuerz drop huet den Arbitter béid Formatiounen dunn och an d'Kabinne geschéckt.

D'Highlights aus der éischter Hallschent vum Lëtzebuerger Match
An den éischte 45 Minutten haten d'Rout Léiwen net vill ze radetten

Nom Téi kruten d'Spectateuren en anere Match ze gesinn. D'Lëtzebuerger hunn an der Ufanksphas vun der zweeter Hallschent ewéi ausgewiesselt gewierkt. Si hu vun Ufank un op de bulgaresche Gol gespillt a konnten no 5 Minutten direkt eng gutt Chance verbuchen. Allerdéngs huet dem Rodrigues säi Schoss an der 50. Minutt de Wee net an de Gol fonnt. Mä d'Lëtzebuerger hunn net nogelooss a sech ëmmer nees gutt Occasioune kreéiert. An der 59. Minutt huet den Olesen de Mitov mat engem placéierte Fräistouss op d'Prouf gestallt, allerdéngs krut de Bulgar d'Fäischt nach esou just an d'Luucht a konnt entschäerfen. An der 63. Minutt haten d'Spectateuren dunn de Ball schonn am Gol leie gesinn, mä op en Néits konnt de bulgaresche Golkipp eng Lëtzebuerger Chance entschäerfen. Dës Kéier géint de Moreira. Lëtzebuerg war kloer déi spillbestëmmend Ekipp an der zweeter Hallschent, mä et sollt einfach kee Gol op Lëtzebuerger Säite falen. Entweder war e bulgarescht Been am Wee, de Golkipp konnt halen oder de Lëtzebuerger Schoss war net placéiert genuch. Vun de Bulgare war ausser engem immensen Zäitspill bal näischt an der zweeter Hallschent ze gesinn. Allerdéngs sinn dës eng Kéier brandgeféierlech virum Pereira am Gol opgedaucht. Mä de Lëtzebuerger konnt mat enger sensationeller Parad géint den Ahmedov an der 78. Minutt entschäerfen a seng Faarwen domadder am Spill halen. D'Lëtzebuerger hunn an der Schlussphas nach eng Kéier alles probéiert, mä et sollt näischt méi nëtzen. Si konnte sech um Enn net fir hir Méie belounen, soudatt sech d'Rout Léiwe mat 0:1 géint Bulgarie musse geschloe ginn. Dëst obschonns d'Lëtzebuerger, an der zweeter Hallschent, kloer déi besser Ekipp waren.

D'Highlights aus der zweeter Hallschent vum Lëtzebuerger Match
D'Lëtzebuerger waren hei kloer déi besser Ekipp, just e Gol wollt net falen
Reaktiounen nom Match
Interviewe mat de Roude Léiwen.

Nordirland - Belarus 2:0
1:0 Ballard (50'), 2:0 Charles (63', Eelefmeter)

Am anere Match vum Lëtzebuerger Grupp setzt sech Nordirland géint Belarus duerch
Nordirland verdeedegt duerch d'Victoire déi éischte Plaz am Grupp

Liga A - Grupp 1

Portugal - Polen 5:1
1:0 Leao (59'), 2:0 Cristiano Ronaldo (72', Eelefmeter), 3:0 Bruno Fernandes (80'), 4:0 Pedro Neto (83'), 5:0 Cristiano Ronaldo (87'), 5:1 Marczuk (88')

Schottland - Kroatien 1:0
1:0 McGinn (86')

D'Highlights vun de Matcher Portugal géint Polen a Schottland géint Kroatien
D'Portugisen loossen de Polen keng Chance, Schottland gewënnt géint Kroatien

Liga A - Grupp 4

Dänemark - Spuenien 1:2
0:1 Oyarzabal (15'), 0:2 Ayoze (58'), 1:2 Isaksen (84')

Schwäiz - Serbien 1:1
1:0 Amdouni (78'), 1:1 Terzic (88')

D'Highlights vun de Matcher Dänemark géint Spuenien a Schwäiz géint Serbien
Spuenien setzt sech géint Dänemark duerch an d'Schwäiz spillt géint Serbien 1:1 gläich

Liga C - Grupp 2

Zypern - Litauen 2:1
1:0 Kastanos (18'), 1:1 Gineitis (47'), 2:1 Tzionis (63')

Zypern ka sech géint Litauen duerchsetzen
Um Enn sollt de Match mat engem 2:1 fir Zypern op en Enn goen

Rumänien - Kosovo 0:0

Liga D - Grupp 1

San Marino - Gibraltar 1:1
0:1 Walker (11', Eelefmeter), Nanni (90'+1, Eelefmeter)

D'Highlights vum Match tëscht San Marino a Gibraltar
Am Match tëscht béide Formatioune gëtt et e Freideg kee Gewënner

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen