Däitschland iwwerrennt Bosnien an ass Gruppenéischten

© Thomas Kienzle/AFP
Holland konnt am selwechte Grupp de Match no engem medezineschen Noutfall géint Ungarn gewannen.
Däitschland gouf am 3. Grupp vun der Liga A vun Ufank un der Favoritteroll gerecht a louch an der Paus schonns 3:0 vir. Um Enn hunn ons Nopere mat 7:0 gewonnen a sech déi 1. Plaz an deem Grupp geséchert.
Bei der Partie Holland géint Ungarn gouf de Futtball ganz schnell onwichteg. No e puer Minutte war de fréiere Bundesliga-Spiller Adam Szalai an d'Gette gaangen an huet missen um Terrain behandelt ginn. An der Suite ass en an d'Spidol gefouert ginn. No ronn enger Véierelsstonn an nodeems mat Ungarn geschwat gouf, op et sollt weidergoen, ass de Match weidergaangen. Holland konnt sech um Enn mat 4:0 behaapten.
An der Liga B gouf am Grupp 1 an am Grupp 4 gespillt.
Am Grupp 1 huet d'Ukrain a Georgie just 1:1 gläich gespillt a muss elo oppassen net an d'Liga C erof ze falen. D'Gäscht ware séier mat 1:0 a Féierung gaangen duerch e Selbstgol. De Mikautadze konnt fir Georgien awer ausgläichen a ka weiderhin op den Opstig an d'Liga A hoffen. E 0:0-Remis gouf et tëscht Tschechien an Albanien. An engem ganz spannende Grupp kann um leschte Spilldag no uewen an no ënnen nach vill passéieren.
Am Grupp 4 verléiert Montenegro 0:2 géint Island a steet als Ofsteiger fest. An der Spëtzepartie an der Tierkei si keng Goler gefall. Kuerz viru Schluss huet den Aktürkoglu en Eelefmeter op de Potto gesat. Wales an d'Heemekipp kënnen allebéid nach opsteigen.
Am Grupp 1 vun der Liga C bleift den Aserbaidjan nom 0:0 géint Estland op der leschter Plaz vun der Tabell. Schweden huet géint Slowakei d'Iwwerhand behalen a steet kuerz virum Opstig.
Moldawien huet an der Liga D eng wichteg Victoire an Andorra gefeiert.
Liga A Grupp 3
Däitschland - Bosnien-Herzegowina 7:0
1:0 Musiala (2'), 2:0 Kleindienst (23'), 3:0 Havertz (37'), 4:0 Wirtz (50'), 5:0 Wirtz (57'), 6:0 Sané (66'), 7:0 Kleindienst (79')
Holland - Ungarn 4:0
1:0 Weghorst (22', Eelefmeter), 2:0 Gakpo (45+12', Eelefmeter), 3:0 Dumfries (64'), 4:0 Koopmeiners (86')
Liga B Grupp 1
Georgien - Ukrain 1:1
0:1 Kverkelia (7', Selbstgol), 1:1 Mikautadze (77')
Albanien - Tschechien 0:0
Liga B Grupp 4
Montenegro - Island 0:2
0:1 Oskarsson (74'), 0:2 Johannesson (89')
Tierkei - Wales 0:0
Liga C Grupp 1
Aserbaidjan - Estland 0:0
Schweden - Slowakei 2:1
1:0 Gyökeres (3'), 1:1 Hancko (19'), 2:1 Isak (48')
Liga D Grupp 2
Andorra - Moldawien 0:1
0:1 Postolachi (90+2')
D'Resultater vun der Nations League
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.