Leverkusen iwwerrennt Dortmund an den éischten 20 Minutten a wënnt 3:2

© AFP
Zanter e Freideg den Owend ass an der däitscher Bundesliga d'Wanterpaus eriwwer.
A lass geet dat neit Bundesliga-Joer direkt mat der Spëtzepartie tëscht dem aktuelle Meeschter Bayer 04 Leverkusen a Borussia Dortmund. De BVB war krankheetsbedéngt - Can, Schlotterbeck, Bensebaini, Anton, Meyer a Mane waren ausgefall - méi schwaach opgestallt géint den däitlech méi defensive Géigner.
Ustouss wier u sech um 20.30 Auer gewiescht, ma well op de Stroosse ronderëm méi lass war, huet de Match missen ëm eng Véierelsstonn verréckelt ginn. Mat nach emol 2 Minutte Retard, dobäi ass d'Partie serréiert lassgaange mat zwee Goler fir Leverkusen an den éischten zwou Minutten duerch den Tella (1') an de Schick (2'). De BVB huet net laang gewaart, fir ze konteren an huet hir éischt Chance fir den 1:2 genotzt mat engem Gol vum Gittens (12').
Leverkusen ass direkt nees an d'Offensiv gaangen an huet déi véiert Golchance fir de véierte Gol genotzt, den zweete Gol vum Schick (19') an den 1:3 fir Leverkusen
No enger hektescher an oniwwersiichtlecher éischter Hallschent huet den Arbitter no 48 Minutten déi éischt Hallschent ofgepaff. Do virdru koum et nach zu enger Aktioun no engem Corner. De Schick ass no engem Loftduell mam Adeyemi gefall an huet vehement en Eelefmeter gefuerdert, well hien um Trikot gezu gouf. Och nodeems ofgepaff war, huet de Schick sech net berouegt a krut Giel, nieft dem Co-Trainer vu Leverkusen, deen op den Terrain gelaf war.
An der zweeter Hallschent léisst Leverkusen de BVB och emol bis an hire Strofraum. Alles an allem ass de Match lo méi roueg. Bis zur 75. Minutt. Eng Chance fir den Duranville, deen de Ball iwwert den Tapsoba spillt, deem säin Aarm awer an d'Gesiicht kritt.
No enger kuerzer Video-Kontroll kritt Leverkusen e Foul gepaff an den Dortmunder Guirassy kann den Eelefmeter zum 2:3 duerchsetzen. Dortmund ass dono weider méi am géigneresche Strofraum ze fannen ouni reell Ausgläichchancen.
No 5 Minutten Nospillzäit an nach enger gieler Kaart fir den F. Nmecha vun Dortmund ass de Match eriwwer a Leverkusen wënnt den éischte Match vum Joer 2025.
Ligue 1: Nantes - Monaco 2:2
Um 17. Spilldag an der Ligue 1 huet Nantes géint Monaco 2:2 gläich gespillt. Nantes hat an der 12. Minutt d'Nues vir duerch e Gol vum Abline, den 2:0 vum Amian gouf et direkt no der Paus. Monaco huet gekontert mam 2:1 duerch den Embolo an der 52. Minutt an um Enn mam Ausgläich nëmmen 7 Minutte méi spéit duerch den Salisu.
Serie A: Lazio Roum - Como Calcio 1:1
Gläich gespillt hunn och de Lazio a Como nom 1:0 fir Lazio duerch e Gol vum Dia an dem Ausgläich op den 1:1 duerch den Cutrone an der 79. Minutt.