De Biathlon-Superstar Johannes Thingnes Bö huet e Samschdeg iwwerraschend d'Enn vu senger Karriär um Enn vun dëser Saison annoncéiert.

Den 31 Joer ale Rekordweltmeeschter, deen eigentlech no den Olympesche Spiller 2026 zerécktriede wollt, huet um Bord vum Weltcup zu Ruhpolding an Däitschland matgedeelt, datt hie schonn um Enn vun dëser Saison e Schlussstréch ënnert seng Karriär wäert zéien. Seng lescht Course wäert de fënneffache Gesamtweltcup-Gewënner am Mäerz um Holmenkollen zu Oslo an Norwegen absolvéieren.

Hien hätt "d'Gefill, datt Zäit komm ass, d'Famill ze prioriséieren", sou den zweefache Papp op Instagram.

De Bö hat 2013 säin Debut am Weltcup gefeiert. A senger Karriär huet hie fënnef Mol Gold op Olympesche Spiller an 20 WM-Goldmedaile gewonnen. Nëmmen den Ole Einar Björndalen ka bei de WM-Titele mat him mathalen. Donieft huet hien 79 Victoiren am Weltcup gefeiert an am Ganzen 88 Succèsen a senger Karriär. Hei läit de Björndalen mat 95 Succèse virun him.