Beim CMCM-Indoor-Meeting an der Coque huet Lëtzebuergerin d'Course iwwer 60 Meter mat engem Chrono vu 7 Sekonnen a 7 Honnertstel gewonnen.

D'Patrizia van der Weken huet sech an der Finall iwwer 60 Meter mat engem Chrono vu 7 Sekonnen a 7 Honnertstel behaapt a blouf 2 Honnertstel ënnert dem eegenen nationale Rekord. Den Ament ass dat och d'Weltjoresbeschtleeschtung. Op d'Plazen 2 an 3 koumen d'Orlann Olière aus Frankräich (7,18 Sekonnen) an d'Polyniki Emmanouilidou (7,27 Sekonnen).

De Virlaf hat d'Patrizia van der Weken an enger Zäit vu 7 Sekonnen an 18 Honnertstel gewonnen a war 9 Honnertstel iwwer dem Rekord bliwwen. Am anere Virlaf hat d'Camille Gaeng e Chrono vu 7 Sekonnen an 72 Honnertstel realiséiert.

Méi spéit am Owend gouf et den zweete Lëtzebuerger Rekord fir d'Sprinterin. Iwwer 200 Meter ass eng Zäit vun 23 Sekonnen a 17 Honnertstel erausgesprongen. Domadder war d'van der Weken 12 Honnertstel méi séier wéi bei hirem ale Rekord. Jessica-Bianca Wessolly aus Däitschland huet d'Course gewonnen a war nach emol 33 Honnertstel méi séier wéi d'Lëtzebuergerin. D'Leonie Pointet aus der Schwäiz huet de Podium komplettéiert.

D'Vera Bertemes-Hoffmann ass d'Course iwwer 1500 Meter an enger Zäit vu 4 Minutte 26 Sekonnen a 16 Honnertstel op en Enn gelaf. Gewonnen huet Marta Zenoni aus Italien.

Bei den Häre waren iwwer déi selwecht Distanz mam Charel Grethen a Vivien Henz zwee Lëtzebuerger um Depart. Den Henz ass de 5. an der Course ginn an huet eng nei perséinlech Beschtleeschtung opgestallt. Hie war an enger Zäit vun 3 Minutten 39 Sekonnen a 96 Honnertstel ukomm. De Grethen war eng hallef Sekonn méi lues a gouf de 7.. De Pieter Sisk aus der Belsch war als Éischten iwwer de wäisse Stréch gelaf.

De Mathis Espagnet ass iwwer 800 Meter eng nei perséinlech Beschtleeschtung gelaf. Hien ass no enger Minutt 47 Sekonnen a 95 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf. D'Course gouf vum Spuenier Josue Canales mat enger Zäit vun enger Minutt 44 Sekonnen a 65 Honnertstel gewonnen. Dat war perséinlech Beschtleeschtung an och e Meeting-Rekord fir de Spuenier.