Toppstare fëlle Startlëscht vum Euro Meet
Och dëst Joer zitt den Euro Meet mat sengem attraktive Programm vill national an international Schwëmmer a Schwëmmerinnen un.
Déi lescht Jore ware scho bekannten Athleten an Athletinnen an der Coque op Besuch.
Den Italiener Nicolò Martinenghi, Gewënner vun der Goldmedail iwwer 100 Meter Brasse bei den Olympesche Spiller vu Paräis, ass de grousse Star. Säi Landsmann Leonardo Deplano wäert och alles dru setzen, sech de Weekend an der Coque vu senger beschter Säit ze weisen. Nieft den Italiener schécken d'Fransousen eng staark Ekipp op Lëtzebuerg. Mam Maxime Grousset an dem Yohann Ndoye-Brouard si weider Staren am Baseng vun der Coque. Bei den Damme stiechen d’Helena Rosendahl Bach, Vize-Weltmeeschterin iwwer 200 Meter Papillon zejoert, an d’Clara Rybak-Andersen op der Startlëscht eraus.
Bei de Lëtzebuerger Athleten an Athletinnen ass d’Virfreed grouss. E Mëttwoch de Moie stoung en Training mat der Nationalekipp um Programm. De Julien Henx wäert de Weekend och am Baseng vun der Coque schwammen. Am Fokus vun den Nationaltrainere Christophe Audot a Jérémy Bruggeman steet de Joao Carneiro. De jonken Athlet, deen d'lescht Joer den nationale Rekord am klenge Baseng iwwer 100 Meter Brasse gebrach hat, hat awer keng einfach Preparatioun. Hie gesäit dëse Meeting awer als gudden Test a freet sech, virun heemesche Public ze schwammen.
Déi éischt Course ass e Freiden de Moien um 9 Auer. Fir den Nationaltrainer ass et och wichteg, déi jonk Athleten an Athletinnen op dësem Rendez-vous ze suivéieren. Dat en vue vun de Qualifikatioune fir d'Junioren- an U23-Europameeschterschaft an der Slowakei Enn Juni.
Den Euro Meet kënnt Dir vun e Freideg u bei eis am Livestream kucken. D’Finalle mëttes och op RTL ZWEE.