Nodeems de Chris Rodesch säi Match dach zimmlech kloer verluer hat, konnt den Alex Knaff am Gymnase vun der Coque d'Rudder nach eng Kéier ëmrappen.

De Resumé vum 1. Dag am Tennis Davis Cup / Reportage Franky Hippert

Am Playoff fir an d'Weltgrupp 1 vum Davis Cup sti fir Lëtzebuerg dëse Weekend  déi éischt Matcher um Programm. Nom éischte Spilldag steet et 1:1. De Chris Rodesch hat géint den Edas Butvilas de Kierze gezunn, duerno huet den Alex Knaff op 1:1 gestallt.

Och e Sonndeg kënnt Dir d'Matcher tëscht Lëtzebuerg a Litauen am Livestream suivéieren.

Den éischte Match tëscht dem Chris Rodesch an dem Edas Butvilas war no zwee Sätz entscheet. Am éischte Saz hat de Rodesch, deen an der Weltranglëscht op Nummer 282 steet, et immens schwéier géint de Butvilas, deen eng Rei gutt Bäll zerwéiert huet an um Enn 6:3 gewonnen huet. Am zweete Saz wollt net vill zesummegoe beim Lëtzebuerger, firwat de Butvilas, d'Nummer 247 vun der Welt, de Match no knapp enger Stonn mat 6:1 zoumaache konnt.

Den Alex Knaff huet seng Victoire géint de Gaubas aus dem Januar 2023 widderholl. De 27 Joer ale Lëtzebuerger konnt vun engem Break profitéieren an den éischte Saz mat 6:4 fir sech entscheeden. De Knaff huet dem Gaubas, der Nummer 197 op der Welt, virun allem mat senge prezisen an haarde Bäll schwéier gemaach.

De Gaubas huet virun allem Punkte maache kënnen, wann hie selwer zerwéiert huet. Dat huet de Litauer am zweete Saz ënner Beweis gestallt an dem Knaff e Jeu ofgeholl. Beim Stand vun 1:4 aus Siicht vum Knaff konnt de Lëtzebuerger dräi Sazbäll vum Gaubas ofwieren a souguer op 2:4 verkierzen. E Retournement sollt et awer net ginn; de Litauer huet den zweete Saz no 55 Minutte 6:3 fir sech entscheet.

Den Alex Knaff hat e super Start an den decisiven drëtte Saz. Mat 3:0 louch hie vir an hat beim Stand vu 4:1 all d'Chancen op senger Säit. De Lëtzebuerger, deen op Plaz 718 gelëscht gëtt, konnt op 5:2 stellen an huet de Gaubas zur Verzweiwlung bruecht. No 2 Stonnen an 10 Minutte stoung et 6:2 fir Lëtzebuerg.

De Replay vun de Matcher