Weltmeeschterschaft am Schi Alpin
Matthieu Osch steet e Sonndeg an der Finall

© Mathieu Osch (Archiv)
Fir d'Ten Raa-Schwëstere war d'Kompetitioun nom éischten Tour am Slalom schonn eriwwer.
Bei der Weltmeeschterschaft am Schi Alpin zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich ass de Matthieu Osch am Slalom e Sonndeg an der Final dobäi. De 25 Joer ale Lëtzebuerger gouf e Samschdeg an der Qualifikatioun den 29. De Joachim Keghian ass krank an konnt net un den Depart goen.
Bei den Damme goufen am Slalom souwuel d‘Gwyneth wéi och hir Schwëster Joyce Ten Raa an der éischter Manche eliminéiert. Nei Weltmeeschterin ass d‘Camille Rast aus der Schwäiz virun hirer Kompatriotin
Wendy Holdener an der Eisteräicherin Katharina Liensberger.
Am meeschte gelies