12. Weltcup-Titel fir de Marco Odermatt

© AFP
Am Riseslalom konnt de Schwäizer mat senger zweeter Plaz fir d'Decisioun am Weltcup suergen. Um Podium stoungen nieft him zwee weider Landsmänner.
Biathlon
Beim zweetleschte Massestart vum Weltcup gouf et e Sonndeg zu Pokljuka no 15 Kilometer bei den Hären eng franséisch Victoire. Mat engem Feeler beim Schéisse konnt sech den Eric Perrot op 3.10 Sekonne viru sengem Landsmann Quentin Fillon Maillet (1 Feeler) an op 22.30 Sekonne virum Norweger Sturla Holm Laegreid (1 Feeler) duerchsetzen.
Och bei den Damme konnt sech mam Lou Jeanmonnot eng Fransousin d'Victoire sécheren. Trotz engem Feeler beim Schéisse koum si beim Massestart iwwer 12,5 Kilometer mat engem Ecart vu 16.40 Sekonne virum Milena Todorova (0 Feeler) op der Arrivée un. Déi drëtt Plaz zu Pokljuka war fir d'Anamarija Lampic (1 Feeler) mat engem Retard vun 22.80 Sekonnen.
Schi Alpin
Bei den Häre stoung e Samschdeg de Moien de Riseslalom zu Hafjell um Programm. Hei hunn et direkt dräi Schwäizer op de Podium gepackt. No zwee Duerchgäng war déi éischt Plaz fir de Loïc Meillard, dat mat engem Virsprong vun 0.14 Sekonnen op de Marco Odermatt an 0.23 Sekonnen op den Thomas Tumler. Duerch seng zweet Plaz kann de Marco Odermatt den 12. Weltcup-Titel a senger Karriär feieren.