No 12 Joer un der Spëtzt vum Internationalen Olympesche Comité gëtt um Donneschdeg iwwer dem Thomas Bach säin Nofollger decidéiert.

Siwe Leit maache sech Hoffnungen op de Presidentestull beim IOC. 4 vun hinne stinn un der Spëtzt vun internationale Sportfederatiounen. Am Virfeld vun der Wal waren de Kandidate Campagnen, Optrëtter, Reesen an digital Aktioune verbueden. Et kënnt drop un, wien hannert de Kulissen déi beschte Kontakter huet an déi beschten Deals ofschléisse kann.

Kandidaten:

2004 an 2008 huet d'Kirsty Coventry aus Simbabwe Olympiagold am Schwamme gewonnen. An hirer Heemecht ass si Sportministesch an duerch hiren enken Drot zum Thomas Bach gëllt si als Matfavoritin op deem seng Successioun.

De Sebastian Coe war Leefer an huet och 2x Gold gewonnen. De Britt war duerno Virsëtzende vum Organsatiounscomité vun de Spiller 2012 zu London, an ass zanter 2015 President vum Liichtathletikweltverband. De Coe gëllt als Géigner vum Bach, an ass awer ee vun de Favoritten.

De Juan Antonio Samaranch jr. wëllt sengem Papp et nomaachen. De Spuenier ass zanter 2001 IOC-Member, gutt vernetzt a wëllt, am Fall vun enger Victoire, all IOC-Memberen iwwer d'Vergab vun Olympesche Spiller decidéiere loossen, net just den Exekutivcomité.

Den David Lappartient ass President vum Olympesche Comité a Frankräich a gläichzäiteg de Chef vun der Vëlossportfederatioun UCI. Donieft ass de Fransous Virsëtzende vun der E-Sports-Kommissioun beim IOC. Hie gëllt éischter als Aussesäiter.

Nach manner Chancë ginn dem Feisal Al Hussein zougerechent. De President vum jordanesche Comité a Member vum Kinnekshaus huet Réngen a Rallyesport bedriwwen, a war 2021 bei de Spiller vun Tokio Deel vun der Koordinéierungskommissioun.

De President vun der internationaler Schifederatioun FIS Johan Eliasch gëllt als Iwwerraschung op der Kandidatelëscht. De gebiertege Schwed mat britteschem Pass ass eréischt zanter engem Joer Member vum IOC a gëllt als Aussesäiter, trotz senger Funktioun als CEO beim Sportartikelproduzent Head.

De Chef vum internationalen Turnverband FIG Morinari Watanabe ass zanter 2018 IOC-Member. De Japaner huet grouss Pläng a stellt sech Olympesch Spiller op 5 Kontinenter gläichzäiteg vir. Och hie wäert wéineg Chancen hunn, fir dem Bach säi Successeur ze ginn.

Wéi gëtt gewielt?

Am Kader vun der 144. IOC-Sessioun a Griicheland gëtt fir déi nächst 8 Joer en neie President gewielt, deen de 24. Juni säin Amt untriede wäert. Dës Persoun brauch dofir di absolut Majoritéit bei de Stëmmen. Méi Walgäng si méiglech - bei all weiderem scheet dee mat de mannste Stëmmen aus. Den aktuelle President Bach verzicht op säi Stëmmrecht, huet awer d'Méiglechkeet, bei zweemolegem Gläichstand am leschte Walgang säi Successeur selwer ze bestëmmen.

D'Elektioun wäert opgeholl awer net live iwwerdroe ginn, an et si keng elektronesch Apparater erlaabt am Sall. Den IOC reegelt seng Affäre léiwer ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet. Um Youtube-Kanal vum IOC wäert d'Welt awer um Lafende gehale ginn. Ausgeschloss vun der Wiel sinn d'Kandidate selwer, grad esou wéi hir Landsleit am IOC. Bleiwen also gutt 100 Memberen, déi an engem ofgeleeëne Luxus-Resort um Peleponnes hir Stëmm wäerten ofginn. Dozou opgeruff ass och de Grand-Duc Henri, deen zanter 1998 zum IOC gehéiert.

Zäitplang:

D'Sëtzung vum Nomëtteg soll um 13.15 Auer eiser Zäit ufänken.
Den Ufank vun der tatsächlecher Wal ass fir 15.00 Auer geplangt.
Um 18.00 Auer ass eng Pressekonferenz ugesat mat der neier Presidentin / dem neie President vum IOC.