Dat sot d'Patrizia van der Weken e Samschdeg no hirer drëtter Plaz op der Liichtathletik-Indoor-WM.

D'Patrizia van der Weken huet sech bei der Indoor-Weltmeeschterschaft iwwer 60 Meter déi 3. Plaz geséchert an domat ee weidert Kapitel Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen.

E laangen Dag

Den Dag huet fir d'Sprinterin ganz fréi ugefaangen. D’Serie war nach e bëssen holpereg an den Jetlag hätt et net méi einfach gemaach, esou d'Patrizia van der Weken.

Trotz enger net optimaler Leeschtung an der éischter Course. An der Halleffinall konnt si sech däitlech verbesseren.

"Ech wollt weisen, dass ech fit sinn, och wa meng Serie net optimal war", sot si no der Course. Mat engem staarken Optrëtt konnt sech d'Athletin déi éischt Plaz an der Halleffinall sécheren an huet sech domat eng ideal Ausgangspositioun fir d'Finall geséchert.

D’Patrizia van der Weken huet och betount, wéi wichteg et war, sech mental staark ze weisen:

"Et war en ustrengenden Dag, virun allem mental. Et war wierklech net einfach, dat alles ze geréieren an net d’Konzentratioun ze verléieren."

Mat enger Zäit vu 7,07 Sekonnen ass si op déi drëtt Plaz gelaf – eng absolut Top-Performance. No der Course war hir Freed däitlech ze spieren:

"Ech ka mech wierklech net beschwéieren. Dat war wierklech eng top Zäit an ech sinn immens zefridden driwwer."

Op wichteg Course fokusséiert

Hiren Trainer Arnaud Starck huet erkläert, dass d'Preparatioun bewosst ugepasst gouf, fir op de wichtegste Momenter an Toppform ze sinn. Et hätt ee sech an de leschte Méint op déi wichteg Competitioune fokusséiert, an dat hätt sech ausbezuelt, sou en zefriddenen Trainer, deen d'Sprinterin zanter der Jugend begleet.