Juventus huet den éischte Match mat engem neien Trainer fir sech entscheet. Am engleschen FA Cup sti Crystal Palace a an der Halleffinall.

An der Bundesliga gouf et ënner anerem eng knapp Victoire fir d'Bayern géint St. Pauli a Frankfurt huet sech géint Stuttgart duerchgesat.

FA Cup: 1/4-Finall

Fulham - Crystal Palace 0:3
0:1 Eze (34'), 0:2 Sarr (38'), 0:3 Nketiah (75')

Fulham huet an der éischter Véierelsfinall vun der englescher Coupe de Match gemaach, ma no engem Distanzschoss an engem Konter louch d'Lokalekipp schonn zur Paus 0:2 hannen. Nom Säitewiessel huet Fulham weider dominéiert a sech och eng Partie Chancen erausgespillt, déi awer all ongenotzt bliwwe sinn. Eng Véierlestonn  viru Schluss huet Palace et op der anerer Säit nees besser gemaach an de Match duerch den Nketiah entscheet.

Brighton - Nottingham Forest 0:0 (3:4 n. E.)

Serie A

Juventus - Genoa 1:0
1:0 Yildiz (25')

Am éischte Match ënnert dem neien Trainer Tudor huet Juventus sech weiderhin offensiv schwéier gedoen, ma eng Eenzelaktioun vum Yildiz huet der Lokalekipp d'Féierung bruecht. An der Defense hunn d'Turiner du bis zum Schluss kaum eppes zougelooss, soudass ee sech no zwou däitlechen Defaiten nees iwwer dräi wichteg Punkte freeë kann.

Lecce - Roma 0:1
0:1 Dovbyk (80')

Ligue 1

Saint-Étienne - Paris Saint-Germain 1:6
1:0 Stassin (9'), 1:1 Ramos (43', Eelefmeter), 1:2 Kvaratskhelia (50'), 1:3 Doué (53'), 1:4 Neves (62'), 1:5 Doué (66'), 1:6 Mbaye (90')

Nodeems et an der éischter Hallschent nach no méi enker Affär gesinn huet, hu Kvaratskhelia, Doué an Neves am zweeten Duerchgang mat 4 Goler bannent 16 Minutte fir kloer Verhältnisser gesuergt. De Championstitel ass dem PSG domat just nach réng rechneresch ze huelen, mat 21 Punkten Avance op den Zweetplacéierte Monaco bei just 7 verbleiwende Spilldeeg.

Monaco - Nice 2:1
0:1 Boga (42'), 1:1 Biereth (55'), 2:1 Embolo (73')

La Liga

Espanyol - Atlético Madrid 1:1
0:1 Azpilicueta (38'), 1:1 Puado (71', Eelefmeter)

Atlético huet sech de ganze Match iwwer géint eng kompakt Defense vun den Haushäre schwéier gedoen, fir Occasiounen erauszespillen. Kuerz virun der Paus huet den Azpilicueta awer mat engem schéinen Distanzschoss fir d'Féierung gesuergt. No der Paus ass d'Partie nach méi zéi ginn an et goufe kaum Ofschlëss, bis Espanyol eng 20 Minutte viru Schluss en Eelefmeter zougesprach krut. Deen huet de Puado verwandelt, woumat d'Gäscht déi drëtt Kéier hannereneen Punkte leie loossen.

Real Madrid - Leganés 3:2
1:0 Mbappé (32', Eelefmeter), 1:1 Garcia (33'), 1:2 Raba (41'), 2:2 Bellingham (47'), 3:2 Mbappé (76')

Béid Ekippen hunn de géignereschen Defensë vill Problemer bereet, soudass et schonn no 47 Minutten 2:2 stoung. An der Suite huet Real du manner zougelooss a konnt eng Véierelsstonn viru Schluss duerch de Mbappé den decisive Gol schéissen. D'Madrilene sinn domat nees punktgläich mat Barcelona un der Tabellespëtzt, dat allerdéngs nach mat engem Match méi.