Den Dirk Carlson huet e Gol bei der Victoire vu St. Pölten bäigesteiert. Elversberg mam Raphael Duarte huet weiderhi Chancen op den Opstig.

An der Bundesliga koum et e Sonndeg zu enger historescher Renconter. Eréischt fir d'zweet Kéier stounge sech zwee Lëtzebuerger an der héchster däitscher Spillklass géintiwwer. Gladbach mam Tiago Pereira Cardoso am Gol a St. Pauli mam Danel Sinani trenne sech um Enn 1:1.

An der Nuecht op e Sonndeg huet de Maxime Chanot mat Los Angeles FC 0:1 géint Houston Dynamo. De Lëtzebuerger koum bei dësem Match net zum Asaz. Fir LA war et schonn déi 4. Néierlag am 7. Match. Fir Houston war et déi éischt Victoire an dëser Saison.

D'SV Elversberg konnt an der zweeter däitscher Bundesliga eng héich Victoire feieren. Géint d'Tabelleschlussliicht Regensburg hunn d'Saarlänner 6:0 gewonnen. Domat ass d'Ekipp vum lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte nees a Schlagdistanz fir d'Opstigsplazen.

St. Pölten kann an der zweeter éisträichescher Liga eng kloer 3:0-Victoire feieren a bleift am ieweschten Drëttel vun der Tabell, huet awer just nach theoreetesch Chancen op den Opstig. Den Dirk Carlson, dee seng Ekipp als Kapitän op den Terrain féiert, konnt den éischte Gol bäisteieren.

An der zweeter hollännescher Divisioun spillen Den Bosch an Eindhoven 2:2 gläich. Den David Jonathans koum bei dësem Match net an den Asaz. Den Bosch huet weiderhi Chancen, fir nach an de Playoff ze kommen, fir an d'Eredivisie opzesteigen.

Eng Etage méi héich war den Enis Mahmutovic mat Breda géint Ajax Amsterdam am Asaz. An der Johan-Cruijff-Arena gouf et eng 1:3-Defaite fir d'Gäscht géint den Tabelleleader. Breda huet weiderhi 6 Punkte Virsprong op d'Relegatiounsplaz, huet déi lescht 5 Matcher awer net méi gewonnen.

Fir Stal Rzeszow leeft et an de leschte Wochen net wierklech. D'Ekipp vum Sébastien Thill verspillt domat d'Chance, nach an de Playoff, fir an d'Ekstraklasa opzesteigen, eranzekommen. Op dësem Spilldag gouf et eng 1:3-Néierlag bei Termalica.

Den Alessio Curci a Francs Borains verléieren den drëtte Match hannerteneen, hunn awer weiderhin eng komfortabel Avance (11 Punkten) op déi éischt Ofstigsplaz. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun, gouf awer no senger Gieler Kaart an der 77. Minutt ausgewiesselt. No senger Auswiesslung konnt Francs Borains nach den 1:2 markéieren.

Samschdeg

An der 2. Bundesliga bleift et am Duell ëm déi éischt Plaz weider spannend. E Samschdeg den Owend huet sech Hertha mat 1:0 zu Köln duerchgesat, wouduerch Hamburg nees neien Tabelleleader ass. Bei der Defaite stoung de Mathias Olesen an der Starteelef a gouf an der 65. Minutt ausgewiesselt.

An der 3. däitscher Liga huet de Golkipp Tim Kips vun der Bänk aus eng 2:1-Victoire vu sengem Erzgebirge Aue géint Stuttgart II gesinn. An der Tabell steet ee weider am Mëttelfeld.

Och den Timothé Rupil an de Maurice Deville sinn dëse Weekend net an den Asaz komm. Déi zweet Ekipp vum FC Schalke 04 huet an der Regionalliga West mat 2:3 géint den FC Gütersloh de Kierzere gezunn.

An der Regionalliga Bayern war am Match tëscht dem FCE Bamberg an Nürnberg II eng méi lass. No aacht Goler deele sech béid Ekippen um Enn mat engem 4:4 d'Goler. De Sofiane Ikene war bis an déi 78. Minutt am Asaz.

Fir den LNZ Cherkasy gouf et an der ukrainischer Premier League dann eng knapp 0:1-Defaite géint Tschornomorez Odesa. Den Olivier Thill stoung dobäi de ganze Match um Terrain.

An der Belsch gouf et dann nach eng kloer 3:0-Victoire fir d'Union Saint-Gilloise an den Anthony Moris beim KAA Gent.